
Déi lescht 7 Woche konnt ee feststellen, datt keng Pecherte méi an der Haaptstad ënnerwee waren. “Dee Constat ass richteg”, sou d’Lydie Polfer. D’Stater Buergermeeschtesch erkläert op Nofro hin, datt de Mot d’ordre “Bleift doheem” vum 17. Mäerz un och fir déi 84 Leit aus dem Service “Stationnement” (dorënner 50 bis 55 Pecherten) gegollt huet. D’Gemeng wollt seng Agente schützen, sou d’Lydie Polfer. Eng Rei Pecherte wieren awer op spezial Missioune gesat ginn a koumen am Centre de soins avancés um Kierchbierg, um Maart an am Recycling Center an den Asaz.
D’Reegele beim Parke waren déi lescht Wochen net geännert ginn, mä d’Stroosse waren an der Haaptstad eidel. Dowéinst hätt et der Stater Buergermeeschtesch no souwisou kee Sënn gemaach, ze kontrolléieren. D’Lydie Polfer sot awer déi lescht zwou Wochen hätten Eenzeler ugefaange méi laang an de Foussgängerzonen ze parken. Eng Zort vu psychologeschem Nieweneffekt vum Confinement bei eenzele Leit, déi sech ganz fräi gefillt hunn, well keng Kontrolle méi gemaach goufen. Si goufen entspriechend protokolléiert.
Zanter dem 20. Abrëll an der Reouverture vun de Chantiere goufen och scho kleng Ekippe vun Agenten erausgeschéckt, fir ze kontrolléieren, ob net op Plaze fir Handicapéiert, Livraison oder Taxi falsch geparkt gouf. “Vun e Méindeg u fänken d’Pecherten rëm douce un, awer net zu 100%", sou d’Lydie Polfer. Eng Rei Agente wieren nach am Congé pour raisons familiales oder selwer vulnerabel, an dowéinst weider doheem.
Vum 25. Mee un awer, wann d’Schoulen och rëm all opginn, da wier een awer rëm “ganz present”.