Automobilist zu EschPolicekontroll refuséiert, dofir Auto accidentéiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie wollt d'Police en Automobilist iwwerpréiwen, ma deen huet sech awer aus dem Stëbs gemaach. Kuerz drop ass d'Gefier bäi gaangen.
© RTL Archiv

Geschitt ass dat Ganzt um 2 Auer 45. Am Kader vun enger Verkéierskontroll huet d’Police en Auto bei der CIN (Centre d’Intervention National) gemellt, deen op der A4 a Richtung Esch ënnerwee war a net de Reegelen no ugemellt war.

Wéi d’Beamten d’Gefier fir eng Kontroll stoppe wollten ass den Automobilist a Richtung Esch selwer geflücht. Laang ass seng Flucht allerdéngs net gegléckt, de Chauffeur ass net wäit vun der “Escher Schwemm” mat sengem Gefier accidentéiert.

Bei der Iwwerpréiwung vun den Donnéeën ass erauskomm, dass géint de Mann e Fuerverbuet virläit. De Parquet huet den Auto saiséiert, de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO