FebiacPrimmen a Steiervirdeeler, bei Kaf vun neien Autoen

RTL Lëtzebuerg
Déi belsch-letzebuergesch Federatioun vun Autoskonstrukteuren an Importateuren mécht en Appel fir Mesuren, déi zum Kaf vun neien Autoen incitéieren.
© AFP

An engem Communiqué lëscht d’FEBIAC 25 Aktiounen op, déi se den europäeschen a nationalen Entscheeder proposéiert, dorënner Primmen oder steierlech Virdeeler. D’Prioritéit wier eng koordinéiert Relance vun den industriellen Aktivitéiten en ligne mat de sanitäre Mesuren, mä och de Mesure fir d’Liquiditéiten z’erhalen. Dës wieren noutwendeg, fir och d’ekonomesch Gesondheet vum Automobilsecteur ze garantéieren an d’Fundamenter ze leeën, fir eng nohalteg Ekonomie, sou d’Federatioun vun Autoskonstrukteuren an Importateuren.

PDF: De Communiqué vun der Febiac

Back to Top
CIM LOGO