Verbesserung, oder nach méi Problemer?Quaie bei der Busgare Luxexpo änneren nees vum 1. Mäerz un

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg u gëllen adaptéiert Fuerpläng, fir den Trafic ronderëm d'Quaie vun der Busgare Luxexpo z'entlaaschten a verbesseren.
Op de Panneaue ginn d’Changementer annoncéiert
© Patrick Greis

Zanter Mëtt Dezember suergt de Quai 4 op der Busgare Luxexpo fir grouss Opreegung. Op der enger Säit steet bal alles eidel, weder Leit nach Busser, an op der anerer Säit ass Gedrecks a Geleefs, fir säi Bus ze kréien.

Vum 1. Mäerz u soll sech nees eppes änneren. D’Quaie ginn nei organiséiert, d’Zäiten ugepasst a besonnesch de Quai 4 soll zu Spëtzenzäiten entlaascht ginn.

Fannt hei d’Lëscht mat all den Ännerungen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO