Kierchbierg De Boulevard Pierre Frieden ass zu enger neier Bus-Gare ginn, fannen Awunner

Lisa Weisgerber
Zanter den Ännerunge Mëtt Dezember hunn 9 Lignen hiren Terminus um Arrêt Simon de Beauvoir a 5 um Arrêt Avalon.
© LIsa Weisgerber

D’Adaptatioune goufen der Verwaltung fir den ëffentlechen Transport no gemaach, fir ënnert anerem d’Liewensqualitéit am Quartier vun der Luxexpo ze verbesseren. Virdrun hätten d’Busser ouni Passagéier dacks iergendwou am Quartier hir Pause gemaach. Lo hätte se eng fest zougeschriwwe Plaz, d’Awunner froe sech awer op d’Strooss virun hirer Dier elo déi Plaz wier.

Kierchbierg: De Boulevard Pierre Frieden ass zu enger neier Bus-Gare ginn
Zanter den Ännerunge Mëtt Dezember hunn 9 Lignen hiren Terminus um Arrêt Simon de Beauvoir a 5 um Arrêt Avalon.

Net nëmmen de Liewensconfort vun de Matbierger aus dem Quartier Kiem huet sech verschlechtert, mee déi aktuell Situatioun kéint och geféierlech sinn. Well d’Bussen no beim Zebrasträife géife stoen, géifen d’Autoen net direkt gesinn, wann een iwwert d’Strooss wéilt goen.

Dass d’Buschaufferen eng Paus maachen, ass normal, mee d’Awunner froe sech, ob dat wierklech an engem Wunnquartier muss sinn. Et géife jo awer aner Méiglechkeete ginn.

Op Nofro vun RTL äntwert d’Gemeng Lëtzebuerg, dass hiren Informatiounen no um nationalen Niveau no Léisunge gesicht géif ginn. Méi kéinte si momentan net soen a verweisen op d’Verwaltung fir den ëffentlechen Transport.

Back to Top
CIM LOGO