Changementer bei de BusplängD'Leit um Quai 4 vun der Busgare bei der Luxexpo sinn net frou

Lisa Weisgerber
Zanter Mëtt Dezember ass um Quai 4 vun der Busgare Luxexpo eng méi lass.
Quai 4 op der Busgare Luxexpo suergt fir Opreegung
Duerch Changementer an de Buspläng goufen Terminusse vu 14 Linnen op d’Arrête Simone de Beauvoir an Avalon verréckelt.

Et kënnt engem wéi zwou verschidde Welten vir. Op der enger Säit steet bal alles eidel, keng Leit, keng Busser. Op der anerer Säit Gedrecks a Geleefs fir säi Bus ze kréien, deen elo schlussendlech awer hannert 2 oder 3 aneren hält.

Zanter Mëtt Dezember ass um Quai 4 vun der Busgare Luxexpo eng méi lass. Duerch Changementer an de Buspläng goufen Terminusse vu 14 Linnen op d’Arrête Simone de Beauvoir an Avalon verréckelt. Dës si virdrun deels an der Busgare selwer stoe bliwwen. Elo bleiwe 24 verschidde Buslinnen op engem selwechten Arrêt stoen. Dat féiert owes zu vill Gedrécks a kéint och mol geféierlech ginn. D’Passagéier verstinn einfach net, firwat dës Ännerung iwwerhaapt soll gutt sinn. Um Plang vun der Busgare gesäit een, dass op all Quai an der Busgare eng Linne pro Arrêt hält. Um Quai 4 awer, deen nieft der Strooss ass, bleift awer d’Majoritéit vun de Busse stoen. Net nëmmen d’Situatioun owes um Quai 4 reegt d’Leit op. Et sinn och vill Linnen op der anerer Säit um Quai 5 bäikomm. Hei wier d’Situatioun zemools moies, wann d’Leit op d’Aarbecht oder an d’Schoul gi, geféierlech. Vill Léit géifen net iwwer d’Zebrasträife goen, mee einfach esou iwwer d’Strooss lafe fir op déi aner Säit ze kommen.

Op Nofro vun RTL, erkläert d’Verwaltung fir den ëffentlechen Transport schrëftlech, dass dës Ännerunge gemaach goufen, fir, dass d’Linnen eng fest zougeschriwwe Waardeplaz kréien. Virdrun hätten d’Busser ouni Passagéier dacks iergendwou am Quartier hir Pause gemaach. Lo hätte se eng fest Plaz, wat der Liewensqualitéit vun den Awunner ronderëm d’Luxexpo ze gutt kéim.

© RTL

Hei de komplette Statement vun der Verwaltung fir den ëffentlechen Transport:

De Fuerplangwiessel – fënnt zweemol am Joer statt – bréngt reegelméisseg eng Rei Upassunge mat sech fir den nationale Reseau besser un d‘Besoine vun de Benotzer*innen ofzestëmmen a gëtt och am Sënn vun der Verbesserung vun der Qualitéit vum Service gemaach. Dës Upassungen entstinn an enker Zesummenaarbecht mat all de Partner, déi am Mobilitéitsberäich eng Roll spillen an de Retouren, déi mir vun hinne kréien. Zu dëse Partner zielen: d’Gemengen, d’Benotzer*innen, d’Transportoperateuren an déi zoustänneg ëffentlech Verwaltungen. D’Zil ass eng Mobilitéitsoffer weider ze entwéckelen, déi zouverlässeg a performant ass an den Usagèren an Usageren erméiglecht, sech am Alldag méi einfach a komfortabel ze beweegen.

Virum Dezember 2025 war d’Situatioun um Pôle de Mobilité um Kierchbierg (Luxexpo) esou, dass déi Linnen déi an d’Busgare eragefuer sinn, do kéng Paus maache konnten an esou gezwonge ware mat Leerfaarten (ouni Passagéier*innen) am Quartier Waardeplazen ze sichen. Dës huet zu Nuisance fir d’Awuner*innen vum Quartier gesuergt. Mat der optimiséierter Ëmstellung vum Dezember huet elo all eenzel Linn eng fest zougewise Waardeplaz an ee festen Tracé, d’Leerfaarte goufen op ee Minimum reduzéiert an domadder ass notamment d’Liewensqualitéit am Quartier verbessert ginn.

Och mat den nächste Fuerplängwiesselen, wäerten d’Auerzäiten an d’Linneverleef, besonnesch och mat der Ouverture vun neie Pôles de mobilité – notamment dee vum Héienhaff, iwwerschafft ginn a weider Adaptatioune mat sech bréngen – och fir de Pôle de mobilité Luxexpo. An deem Kader leeë mir ee spezielle Fokus op de Confort vun den Usagèren an Usagere fir effizient Ëmstig tëscht deene verschiddene Verkéiersmëttel ze garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO