MotocyclistenRettungsgaass dierf och bei Stau net genotzt ginn

Roy Grotz
Et bleift dobäi: wann et op Autobunne staut an den Trafic komplett steet, dann ass et net erlaabt, datt Motocycliste kënnen d'Rettungsgaass benotzen.
© RTL-Archiv

Dës Spuer bleift der staatlecher Verkéierskommissioun no, exklusiv fir all Rettungsgefierer an Depanneusë reservéiert. Och am Ausland ass de sougenannten “lane splitting” fir Motorrieder verbueden, sou wéi zum Beispill an Däitschland oder och an Eistraich.

Wat d’Zirkuléiere vu Motoen tëscht den Auto-Schlaangen ugeet, sou ass och dës Praktik hei am Land verbueden, a soll et och bleiwen.

Dës Zirkulatioun am interfile fir Motorrieder ass an de Nopeschlänner komplett verschidde reglementéiert. An der Belsch an a Frankräich ass se mat Vitesse-Limitatiounen erlaabt. An Däitschland an Eisträich ass d’Fueren tëscht den Autos-Filë fir Motocycliste wéinst der Gefor fir d’Motarde komplett verbueden.

Der Verkéierskommissioun no, ass et och ze geféierlech den interfile z’erlaben, well mer vill Transit-Verkéier vu Motorrieder hunn, an d’Motarden och net den entspriechende Verkéiers-Reglement géife kennen.

Wat Trainingsplaze fir Motocyclisten ugeet, sou soll et nieft de Sitten um Findel an zu Angelduerf eng weider Plaz am Minett geschaaf ginn. An zwar hannert der Kontrollstatioun zu Esch.

All dës Prezisioune liwwert de Mobilitéitsminister François Bausch op zwou verschidde parlamentaresch Froe vun den Deputéierte Max Hahn, vun der DP, a Marc Spautz, vun der CSV.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Max Hahn

Back to Top
CIM LOGO