
Dat huet de britteschen Hiersteller vu Motore fir Fligeren e Mëttwoch de Moien ugekënnegt. D’Ursaach ass evident: den Zesummebroch vun der Fluchbranche wéinst dem Coronavirus. Rolls-Royce schreift, et géing offensichtlech Joren daueren, bis de Marché rëm op den Niveau vu virun der Pandemie kënnt.