House of AutomobileSchaarf Kritik un Aussoe vum Energieminister Turmes

RTL Lëtzebuerg
Datt d'Betribsautoen zu 100% elektresch solle sinn, nennt d'House of Automobile "utopesch". Si froe sech, ob d'Regierung hannert dëse Pläng steet.

D’Ausso vum Energieminister Claude Turmes, datt d’Betribsautoen an Zukunft Elektroautoe misste sinn, géif an den Ae vum House of Automobile zu Onsécherheeten am Secteur an och bei de Privatleit féieren.
Den Automobile Secteur wier staark vun der sanitärer Kris betraff, vue datt d’Concessionnaire vum 16. Mäerz bis den 11. Mee am Lockdown waren. Amplaz datt de Secteur, dee ronn 5.000 Salariéen zielt, ënnerstëtzt géif ginn, géif de Minister Annonce maachen, déi dem Secteur just zousätzlech géife schueden, heescht et an engem Communiqué.

Et wier een des Weideren iwwerrascht iwwert d’Aussoe vum Claude Turmes, well dës an den Ae vum House of Automobile weder d’Realitéit vum Secteur, nach den Energie- a Klimaplang (PNEC) géife berécksiichtegen. An deem Plang wieren esou Mesuren nämlech guer net virgesinn. Dofir géif sech d’House of Automobile, déi all d’Federatiounen an d’Associatiounen aus dem Automobil-Beräich regroupéieren, och d’Fro stellen, ob de Minister einfach seng eege perséinlech a fanatesch Visioune géif presentéieren, oder op déi komplett Regierung hannert der Iddi géif stoen.

D’House of Automobile ënnersträicht awer och, datt een de Wee vun der Elektromobilitéit wuel ënnerstëtze géif, ma dëst just mat realisteschen, koherenten a geplangte Léisunge méiglech wier.
Datt d’Elektroautoen an Zukunft e wichtege Rôle wäerte spillen, dat wier ee sech bewosst, ma géif awer och vu ville verschiddene Facteuren ofhänke wéi zum Beispill d’Evolutioun vun den Ofgas-Normen, de Präisser vun de Gefierer, der Offer vun de Modeller oder d’Disponibilitéit vun Opluetstatiounen.

An un där Infrastruktur vu Borne géif et de Moment nach happeren. Et géing net duer goen, datt där Bornen am ëffentleche Raum installéiert ginn, mä dem House of Automobile no missten et och cibléiert Hëllefe gi fir d’Leit an och d’Entreprisen ze ënnerstëtzen, fir kënnen déi néideg Investissementer ze maachen. An dat gëllt net just fir de Kaf vun Elektroautoen oder der Installatioun vu Bornen, mä och den deieren Uschloss un de Reseau.

D’Elektroautoen hätten 2019 just 1,8% vun den Immatrikulatiounen ausgemaach, heescht et weider am Communiqué.

PDF: House of Automobile

Back to Top
CIM LOGO