
Et war sech ze erwaarden, datt d’E-Scooteren, déi zanter e puer Deeg vun der amerikanescher Firma Bird an der Stad verlount ginn, dierfte fir eng parlamentarescher Fro suergen - Et si souguer elo zwou urgent Froen, déi d’CSV-Deputéiert a Membere vum Stater Gemengerot, Serge Wilmes a Laurent Mosar stellen, dat un déi gréng Ministere Bausch an Tanson. D’Deputéiert hannerfroen ënnert anerem de legale Kader vun den elektreschen Trottinetten a froen ob de Minister Bausch wëll e Gesetz maachen, fir d’Sécherheet vun de Foussgänger sécher ze stellen.
An enger anerer urgenter Fro, ginn d’Ministeren Bausch an Tanson gefrot, op d’Police ugestallt gouf, fir d’elektresch Scooteren ze saiséieren an op d’illegal Offer vun der US-Firma net vun der Justiz-Ministesch beim Parquet denoncéiert gi wier.
Op RTL hat sech jo och d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ganz kritesch vis-à-vis vum Aféiere vun den Trottinette gewisen, déi eng supplementär Gefor fir d’Verkéierssécherheet kéinten duerstellen.
RTL NEWS: Sharing-System vun Elektro-Roller elo och zu Lëtzebuerg