Schantjen N10Strooss gespaart ... Aarbechte sinn am Gaang

RTL Lëtzebuerg
D'Aarbechten un der Streck tëscht der Doosber Bréck a Maarnech si Mëtt Abrëll lassgaangen.

Jorelaang scho suergt den Zoustand vun der N10 fir Kritik. De François Bausch hat d’lescht Joer versprach, d’Aarbechte sollten am Januar 2019 ufänken. En neien Datum war dunn dee vum 8. Abrëll, dee via Panneauen un der Streck annoncéiert gouf.

© Domingos Oliveira / RTL

Lescht Woch waren nach Geometere vu Ponts et chaussées op der Plaz an et waren nach e puer Koordinatiouns-Réunioune mat der Administration de la nature et des forêts.

Zanter dëser Woch ass eng Entreprise am Gaang, d’Beem ëmzeleeën an d’Leitplanken ewechzehuelen.

No dëse Preparatiounsaarbechte geet et da lass mam Stroossebau.

An der 1. Phas soll op de 4,22km en neie Belag kommen. An der 2. Phas soll dann dem Naturschutz Rechnung gedroe ginn.

Artikel vum Mäerz 2019: Ee Joer nom Verspriechen, wou sinn d’Aarbechten drun?Artikel vum Mäerz 2018: Schlechten Zoustand vun der N10 - Minister Bausch reagéiert a versprécht Besserung

Back to Top
CIM LOGO