Erneierung N10 am JanuarEe Joer nom Verspriechen, wou sinn d'Aarbechten drun?

RTL Lëtzebuerg
Jorelaang suergt d'N10 fir Kritik. De François Bausch hat d'lescht Joer versprach, d'Aarbechte sollten am Januar 2019 ufänken. Wou si mer dann elo drun?
VIDEO: Erneierung N10: Wou sinn d'versprachen Aarbechten drun?
Jorelaang suergt d’N10 fir Kritik. De François Bausch hat d’lescht Joer versprach, d’Aarbechte sollten am Januar 2019 ufänken. Do geschafft gouf nach net.

Et ass net fir d’éischt, dass d’N10 tëscht Dosbuerg a Maarnech thematiséiert gëtt. Viru knapp engem Joer hat eng Automobilistin op Facebook op den desolaten Zoustand vun der Streck opmierksam gemaach. Et sollt nees Beweegung an den Dossier kommen, en Dossier, dee schonn 10 Joer laang besteet a wéinst engem Konflikt tëscht der Stroossesécherheet an dem Naturschutz net richteg weidergeet.

RTL NEWS: Schlechten Zoustand vun der N10 - Minister Bausch reagéiert a versprécht Besserung

© Domingos Oliveira / RTL

D’lescht Joer hat de Minister François Bausch betount, et hätt een eng Léisung fonnt a versprach, d’Aarbechte géingen Ugangs 2019 lassgoen. An engem Avis hat et geheescht, dass am Januar 2019 déi éischt Phas vun de Sanéierungsaarbechten lancéiert gëtt. Op de 4,22 Kilometer soll dann emol en neie Belag kommen. An der 2. Phas soll dann dem Naturschutz Rechnung gedroe ginn. Detailer doriwwer gouf et nach keng.

RTL NEWS: Sanéierungsaarbechte vun N10 kéinten Uganks 2019 ufänken Lo si mer Mäerz an esou lues stelle sech d’Automobiliste nees Froen, wéini et dann elo lassgeet. Wéi d’Kollege vun Eldoradio op Nofro beim Mobilitéitsministère gewuer goufen, sollen d’Aarbechten déi 2. Woch am Abrëll ufänken. Als Grond fir de Retard, goufen Etüden genannt, déi wéinst der schwiereger Streck méi hätte missen an den Detail goen.

Back to Top
CIM LOGO