
Notamment um Punkt, op dës Hausse net d’E-Mobilitéit géif kompromettéieren. Nee, äntwert den Energieminister Claude Turmes, dee virrechent, datt e Chauffer mat engem Elektro-Auto par Rapport zu engem Diesel oder Bensinner bis zu 4,5 Euro op 100 Kilometer aspuert duerch d’Fraisen, déi manner héich wieren.
Och wier de Stroum mat engem TVA-Taux vun 8% hei am Land méi bëlleg wéi am Ausland, seet de Minister Turmes.
D’Hausse ëm 10% vun de Stroumpräisser ass absënns op d’Fluktuatiounen op den europäesche Mäert zeréckzeféieren, wou d’Energie vun de Fournisseuren akaaft a gehandelt gëtt.
Iwwerdeem géif de Staat eleng fir dëst Joer ronn 50 Milliounen Euro an de Kompensatiounsfong abezuelen, dee fir d’Gestionnairë vun de Stroum-Reseaue spillt.
Et mécht dann och Sënn, d’Offer a puncto Stroum vun de verschiddene Fournisseure mateneen ze vergläichen, betount den Energieminister. Dat via Websäit calculix.lu. Wann ee gutt matenee vergläicht an dee richtege Choix vum Stroum-Fournisseur mécht, kéinte bis zu 100 Euro op der Rechnung fir d’Elektrescht pro Joer gespuert ginn.