Trajete falen ewechTaxi-Betriber leiden den Ament ënnert den Aschränkungen duerch d’Corona-Kris

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem falen Trajete fir Geschäftsleit an Touristen zënter de leschte Wochen aus.
Taxi-Betriber leiden den Ament ënnert den Aschränkungen
Ënnert anerem falen Trajete fir Geschäftsleit an Touristen zënter de leschte Wochen aus.

Duerch d’Corona-Kris sinn zum Beispill an engem Taxi-Betrib iwwer 90 Prozent vun den Aktivitéiten zréckgaangen. Trajete fir Geschäftsleit an Touriste falen ewech. An deem Betrib, sinn een Deel vun de Taxi-Chauffeuren Independanten. Well dës den Ament net schaffe kënnen, gesäit hir Situatioun extrem kritesch aus. Fir hinnen entgéint ze kommen, gouf decidéiert, datt se net méi brauchen hir Lizenz-Käschten ze bezuelen.

Vun 150 Chauffeure sinn der aktuell just 25 mam Taxi op der Strooss. Een Deel vun de Mataarbechter hunn Kuerzaarbecht ugefrot. Fir d’Taxichaufferen hei am Land sinn et den Ament schwéier Zäiten.

Fir d’Verbreedung vum Virus anzedämmen, goufen dann och Precautioune geholl. Ënnert anerem hunn Chauffeuren Händschen un, Ween ginn desinfizéiert an et gëtt recommandéiert mat der Kaart ze bezuelen. An Zukunft soll och Plexiglas an den Taxien installéiert ginn.

Och de Secteur vum Carsharing kämpft mat den Auswierkunge vun der Corona-Kris. Jee no Dag, konstatéiert dësen Operateur bis zu 50 Prozent manner Faarten. Fir d’Clienten nach besser ze protegéieren, ginn een Deel vun de Ween desinfizéiert an d’Leit kréie geroden, mat Händchen an enger Mask ze fueren. Et gëtt dann och recommandéiert dat d’Leit sech un Mesurë vun der Regierung halen.

Back to Top
CIM LOGO