
Ëmfroen no, gëtt et an Däitschland eng Majoritéit fir eng Vitesslimitatioun. De CSU-Verkéiersminister Scheuer wëll en Tempolimitt verhënneren, vill SPD-Politiker ënnerstëtzen et.
Den Automobilclub ADAC mat 21 Millioune Membere weist sech “neutral”.
Et gëtt erwaart, datt sech um Freideg am Bundesrat vill Länner enthalen. Berlin a Bremen si bis ewell just kloer fir en Tempolimitt.