
Alt erëm muss de Privatclient d’Rechnung bezuelen, well d’Constructeuren et net fäerdeg bréngen, fir d’Autoe méi ëmweltfrëndlech a méi effizient ze maachen, kritiséiert de Konsumenteschutz déi nei CO2-Berechnunge kuerz virum Optakt vum Autosfestival. D’ULC fuerdert d’Regierung op, de Leit hir Onkäschten, déi via d’CO2-Besteierung entstinn, zu engem spéideren Zäitpunkt ze kompenséieren.
Grad wéi den ACL ass de Konsumenteschutz der Meenung, datt den Automobilist duerch alleguerten déi aktuell an zukünfteg Präishaussen zu der Mëllechkou vun der Natioun degradéiert gëtt.
Vum 1. Mäerz u ginn hei am Land bekanntlech nei CO2-Grenzwäerter applizéiert, op deenen d’Autossteier berechent gëtt. Dës nei Mesurë gëllen nëmme fir nei Autoen an net retroaktiv, rappelléiert de Konsumenteschutz. D’ULC huet och eng Rei Beispiller ausgeschafft, fir z’illustréieren, wat sech mat där neier Norm ännert. Detailer dozou am Communiqué.