50 vu 500 Kilometer gebautVëlos-Initiativ hofft op méi séier Aarbechte fir déi nächst 500km Vëlosweeër

RTL Lëtzebuerg
Ronn 600 Kilometer u Vëlosweeër ginn et den Ament hei am Grand-Duché. An noer Zukunft solle weider 500 Kilometer dobäikommen.
Veloswëer a guddem Zoustand
Ronn 600 Kilometer u Velosweer ginn et den Ament hei am Grand-Duché. D’Associatioun huet och e Bilan iwwert den Ausbau an den Zoustand vun de Weeer gemaach.

Fir d’Vëlofueren ze verbesseren, gouf ënnert anerem en neien Outil ausgeschafft, dee virun allem d’Vëlos-Initiative begréisst. D’Associatioun huet dann och vun der Geleeënheet profitéiert, fir e Bilan iwwert den Ausbau an den Zoustand vun de Weeër ze zéien.

Mam Geoportail wëll een de Vëlosfuerer nei Méiglechkeete ginn. Mat dësem Outil kann een ënnert anerem erausfannen, ewéi een am Séiersten vun A op B kënnt. D’Trajete kënnen dann och um Handy visionéiert ginn. Dat begréisst d’Vëlos-Initiative a gesäit nach weider Virdeeler.

Mam Gesetz vun 2015 hat sech d’Regierung d’Mëttele ginn, den nationalen Vëlosreseau vun 600 op 1.100 Kilometer auszebauen, an an d’Vëlospisten, déi vun de Gemenge geréiert ginn, z’investéieren. Mat deem Gesetz goufen och déi 2 sougenannten Express-Vëlospisten agefouert, déi engersäits d’Stad mat Beetebuerg an d’Stad mat Esch verbanne sollen. Déi Weeër, déi eben an Zukunft entstoe solle, si virun allem méi breet a méi komfortabel.

De Reseau ass den Ament an engem gudden Zoustand, heescht et. Allerdéngs probéiert d’Associatioun, d’Ponts et Chaussées an d’Gemengen nach besser ze sensibiliséieren, fir dat Entretiensaarbechte vun de Weeër méi séier realiséiert ginn.

Bis ewell goufe réischt 50 vun de 500 Kilometer neie Pisten gebaut, heescht et weider. Hei hofft een, datt et an Zukunft méi séier mat den Aarbechte virugeet.

Back to Top
CIM LOGO