
D’Assemblée Nationale huet en Donneschdeg den Owend dofir gestëmmt, dass d’Vitesslimitt vun 80 Kilometer an der Stonn, nees kann eropgesat ginn. Dës nei Reegelung erlaabt et de Buergermeeschter a Presidente vun deenen eenzelen Departementer d’Vitesslimitatioun erëm eropzesetzen.
D’Erofsetzen op Tempo 80 d’lescht Joer war a Frankräich staark ëmstridden a war ee vun den Ausléiser dofir, dass de Mouvement vun de Gilets Jaunes an d’Liewe geruff gouf.
RTL NEWS: Frankräich setzt Limitt op Landstrooss op 80 km/h erofDéi franséisch Regierung hat decidéiert, d’Vitesslimitatioun op ronn 400.000 Kilometer Landstrooss vun 90 op 80 Kilometer an der Stonn erofzesetzen. D’Regierung goung dovun aus, mat dëser Mesure tëscht 300 a 400 Mënscheliewe kënnen ze retten. Rennen ass Doudesursaach Nummer 1 am Stroosseverkéier bei eisem franséischen Noper. D’Mesure war am Juli zejoert a Kraaft getrueden.