
Et ka wuel zu Situatioune kommen, wou den automatesche Bremssystem net wéi geplangt funktionéiert. Berichter iwwer Accidenter oder Tëschefäll ginn et awer aktuell nach keng. Den normale Bremssystem funktionéiert awer problemlos, dofir géif och kee Sécherheetsrisiko bestoen.
Betraff sinn d’Modeller XC40, S60, V60, V60CC, XC60, S90, V90, V90CC an XC90 vun de Baujoren 2019 an 2020.