
Nodeems éischt Gespréicher geplatzt waren, si sech de Constructeur an de Verbraucherschutz elo eens ginn. Dat huet d’Oberlandesgeriicht Braunschweig matgedeelt. Et hätt een elo en Accord fonnt.
Jee nodeem wéi e Modell et ass a wéi en Alter den Auto huet, kann een tëscht 1.350 a 6.257 Euro als Proprietär kréien.
Ronn 260.000 geschiedegt Persounen kréien eng Offer gemaach. Bei den Zommen déi ausbezuelt ginn, maache ronn 15% vum Kafpräis aus.