DieselskandalVW muss a Kanada 135 Milliounen Euro Strof bezuelen

RTL Lëtzebuerg
E Geriicht zu Toronto huet engem Accord tëscht Volkswon an dem kanadesche Parquet an deem Sënn an der leschter Nuecht zougestëmmt.
© AFP

Wéinst dem Dieselskandal bezilt VW a Kanada elo eng Strof vun ëmgerechent gutt 135 Milliounen Euro. VW hat sech am Virfeld schëlleg bekannt, dass ee géint Ëmweltschutz-Gesetzer verstouss hätt.

D’Strof vun elo kënnt bei aner Strof-Dépensen derbäi, déi ee scho virun 3 Joer a Kanada huet musse bezuelen, nämlech Dedommagementer an Héicht vun deemools schonn 2,4 Milliarden kanadeschen Dollar fir d’Besëtzer vun engen 128.000 Autoen.

VW huet domadder weltwäit gesinn, wéinst dem Skandal ëm manipuléiert Ofgas-Wäerter, scho méi wéi 30 Milliarden Euro u Strofe bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO