Ëmbau bei de BusentreprisenWéi verhale sech d'Elektrobusser?

Jeannot Ries
Et ass eng politesch Decisioun vun der aktueller Regierung a fir d'Busentreprisen eng enorm Erausfuerderung.
Wéi verhale sech d'Elektrobusser?
Eng politesch Decisioun vun der aktueller Regierung a fir d’Busentreprisen eng enorm Erausfuerderung.

Bis 2030, also an 10 Joer, soll quasi de ganzen RGTR Bus-Reseau hei am Land mat Elektresch fueren. Eng politesch Decisioun, déi fir d’Busentreprisen eng enorm Erausfuerderung ass. Net just, datt Milliounen an nei Gefierer, duebel sou deier wéi déi aktuell Diesel-Bussen, investéiert musse ginn. Och d’Infrastruktur um Betribshaff muss ëmgebaut ginn. An doriwwer eraus muss och déi ganz Organisatioun vum Busbetrib nei duerchduecht ginn.

Den Harald Borrelbach verbréngt e gudden Deel vum Dag virum Schierm. Mat am Mëttelpunkt d’Fro: Wéi verhale sech d’Elektrobusser? Den A an O, fir datt de Betrib leeft.

Am Zäitalter vum Elektrobus geet et net méi duer, e Gefier ze kafen an dem Chauffeur de Schlëssel an d’Tankkaart an de Grapp ze ginn. Ier iwwerhaapt an e Bus Investéiert gëtt, muss eng Detail-Analys gemaach ginn, fir ze wëssen, wéi ee Modell vun Elektro-Bus gebraucht wäert ginn.

Eleng wat d’Batterien ubelaangt, gëtt et och e groussen Ënnerscheed, ob en Elektrobus am urbane Raum agesat gëtt oder iwwert Land fiert. De Profil vun der Streck muss analyséiert ginn. D’Zuel u Kilometer, déi all Dag gefuer ginn. “Et gi Linnen, wou manner Kilometer-Fuerleeschtung gebraucht gëtt, do kënnen d’Bussen iwwer Nuecht geluede ginn. Et ginn aner Beispiller, d’Stad Lëtzebuerg, do gëtt vu fréi moies bis spéit owes gefuer. 280 bis 300 Kilometer den Dag. Do mussen d’Elektrobusser tëschenduerch nogeluede ginn”, sou de Georges Hilbert vu Sales Lentz.

Froen iwwer Froen, déi weisen, wéi d’Busfirmaen den Ament ëmdenke mussen. Vum Kaf vum Gefier iwwert d’Infrastruktur fir d’Batterien ze lueden bis zu der Formatioun vun de Chauffeuren a wéi mat sou engem Elektrobus ëmgoen, esou gesinn déi nei Froe vum Bussecteur aus. An dat Streck fir Streck. Zum Beispill den Éiter-Bierg erop- an eroffueren, woubäi de Bus wärend dem Fueren iwwert de ‘Retarder’ d’Batterie erëm opluet.

A wat kritt de Client um Enn vun deem ganzen Ëmdenke mat? An der Stad Déifferdeng ginn zanter genee 3 Joer Elektrobussen op de 4 Linne vum ‘Diffbus’ agesat: D’Busser maache manner Kaméidi a virun allem bleift d’Loft propper an et mécht een esou eppes fir d’Ëmwelt. Geféierlech kéint et awer op Amenter ginn, well een dat schwéiert Gefier kaum nach héiert.

Hei de Reportage vum 25. August iwwert den Ëmbau vum RGTR-Reseau

Bal all RGTR-Busse solle bis 2030 elektresch fueren
“De gratis ëffentlechen Transport ass d’Kiischt um Kuch. De Kuch muss nach gebak ginn.” Sou d’Ausso vum Mobilitéits-Minister François Bausch viru 6 Méint.

Back to Top
CIM LOGO