"Chemin cyclable"Méi Plaz fir de Vëlo op der Strooss tëschent Alzeng a Siren

Serge Pauly
Den nationale Reseau vun de Vëlosweeër soll weider wuessen: vun den Ament 600 op geplangten 950 Kilometer. E Méindeg e Moie war zu Alzeng den éischte Spuedestéch fir e weidert klengt - awer net onwichtegt - Puzzlestéck an dësem Reseau.
Méi Plaz fir de Vëlo op der Strooss tëschent Alzeng a Siren
Den nationale Reseau vun de Vëlosweeër soll weider wuessen: vun den Ament 600 op geplangten 950 Kilometer.

Um CR154, der Strooss tëschent Alzeng a Siren, soll den éischte “Chemin cyclable” vum Land entstoen. Dat ass keng Vëlospist, wou d’Vëloe ganz fir sech wieren, mee eng Strooss, wou d’Vëloen hir reservéiert Spuer ze gutt hunn, a wou d’Vitess op 50 Stonnekilometer limitéiert gëtt: “D’Autoe kënne weider duerch d’Mëtt fueren, mee riets a lénks wäert e roude Belag si fir d’Vëloen. Dat heescht, hei ass ee Konzept vu Koexistenz, wou am Respekt de Vëlo vum Auto, mee haaptsächlech och den Auto vum Vëlo kënne koexistéieren op enger Plaz, déi déi zwee sech da sollen deelen, wann dës Pist fäerdeg ass”, erkläert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes (DP).

Rout Vëlospisten - déi kennt ee scho méi laang. Mee déi ginn et bis ewell nëmme bannent den Uertschaften. Um CR154 gëtt dat Konzept als Pilotprojet elo eng éischte Kéier och baussent dem Duerf ëmgesat.

Véier Milliounen Euro ginn hei investéiert. Am Summer 2027 sollen déi 6,5 Kilometer Vëloswee fäerdeg sinn. Domadder gëtt d’Vëlospist PC11, dat ass déi vu Réimech iwwert Elleng op Haassel, da bis op Alzeng verlängert.

Beim éischte Spuedestéch um Méindeg de Moie war d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes awer net nëmmen un der Schëpp gefuerdert. D’Buergermeeschtere vun Hesper, Diane Adehm, a Weiler zum Tuer, Maurice Groben, hir weider Hausaufgaben opgeschriwwen. D’Demande no neien a bessere Vëlosfnfrastrukturen ass wuel grouss. D’Yuriko Backes ass sech där Demande bewosst: “Ech si ganz frou, wann d’Buergermeeschterinnen an d’Buergermeeschter mat Demandë kommen fir Ënnerstëtzung fir Vëlospisten. Ech sinn ee grousse Fan vun engem bessere Reseau. Mir hunn ee gudde Reseau, mee deen huet och ganz vill Lächer uechtert d’Land. Do schaffe mir all zesummen, fir dee Reseau besser auszebauen. Mee dat geet alles net vun haut op muer. Do sinn natierlech ganz vill Saachen, déi matspillen. Do sinn och aner Ministèren, déi matspillen. Et geet och heiansdo ëm d’Emprisen, dat heescht et brauch een och d’ Land, fir kënnen eng nei Pist zum Beispill drop ze bauen.”

Ënnert den Invitéeë beim éischte Spuedestéch waren och Vertrieder vu ProVelo. Dës Associatioun setzt sech fir d’Rechter vun de Vëlosfuerer an a freet sech iwwert all Kilometer, deen de Vëlo bäi kritt: “De Vëlo gëtt sécherlech méi seriö geholl wéi virun 15 Joer, soe mer elo mol. An et si vill Projeten am Ausbau oder an der Maach. Mee allgemeng daueren d’Projeten einfach vill ze vill laang, vun där éischter Phas bis bei déi lescht Phas. Heiansdo ginn d Projeten dann net realiséiert, well duerch iergend e klengt Stéck en Terrain net ze kréien ass, da ginn d’Projete guer net realiséiert. Amplaz dass vläicht einfach da mol dat realiséiert gëtt, wat machbar ass”, zitt d’Monique Goldschmit, Presidentin vu ProVelo Bilan.

Wat d’Strooss tëschent Alzeng a Siren ugeet, hätt ProVelo sech iwwregens gewënscht, dass déi ganz fir den Autosverkéier gespaart gi wier, esou wéi dat emol geplangt war. Elo hofft ProVelo, dass d’Automobiliste sech effektiv un déi zukünfteg Vitesslimitatioun vu 50 km/h hale wäerten, an och de minimalen Ofstand vun 1,5 Meter zu de Cycliste respektéiere wäerten, fir dass de Pilotprojet vun der éischter rouder Vëlospist baussent dem Duerf ee Succès gëtt.


Dat ganzt Schreiwes vum Mobilitéitsministère op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO