USA/ChinaWuesstem vun der Elektromobilitéit geet zeréck

RTL Lëtzebuerg
A China an an den USA gëtt den Ament d'Croissance vun der Elektromobilitéit ausgebremst.
© afp

Déi weltwäit Evolutioun verléiert un Dynamik a stagnéiert quasi, et gouf just nach e Plus vu 4%. Dat huet de Wëssenschaftszentrum ZSW vu Stuttgart ausgerechent.

De Grond ass, datt déi zwéi wichtegst Mäert (China an d’USA) d’Elektromobilitéit net méi sou staark fërderen an datt do d’Nei-Immatrikulatioune carrement réckleefeg sinn.

Op allen anere relevante Mäert gëtt awer eng aner Sprooch geschwat an et gëtt en däitlechen Zouwuess bei den Zouloossungen notéiert.

Back to Top
CIM LOGO