
Déi europäesch Mobilitéitsplattform Bolt, de chineesesche Leader um Marché vun den Technologië fir autonoomt Fuere Pony.ai an den Autoskonstrukteur Stellantis hunn hire gemeinsamen Testprojet vun autonomer Mobilitéit zu Lëtzebuerg virgestallt. Den Ufank maache fënnef "Robotaxien", déi zu Biissen an den Asaz kommen.
Getest ginn d'Sécherheet, d'Performance an d'Konformitéit am Ëmfeld vum lëtzebuergesche Stroosseverkéier. Laut Bolt sollen déi connectéiert an automatiséiert Gefierer "lieweg Laboratoiren" sinn, déi am Kontakt mat der Populatioun ënner reelle Konditioune getest ginn. D'Flott vun den automatiséierte Gefierer wäert no an no op 30 vergréissert ginn, déi och an der Stad wäerten agesat ginn. Zil vun den dräi Entreprisen ass et, dass um Enn vum Test e komplett autonoomt Fueren erreecht gëtt.
Fir Stellantis geet et drëms, hir weltwäit Strategie fir eng Mobilitéit ouni Chauffer weider z'entwéckelen op Basis vun der sougenannter "L4-Ready Plattform". Pony.ai test an dësem Versuch, wéi sech hir autonom Gefierer vun der siwenter Generatioun (Gen-7) am lëtzebuergeschen Environnement schloen. Nieft dem Test am Grand-Duché sinn europawäit nach weider, änlech Versich geplangt.
Déi dräi Partner preparéieren dëse "liewege Labo" (living lab) fir Technologien an operationell Prozesser ze testen, déi néideg sinn, fir eng sécher autonom Mobilitéit z'assuréieren. Dat geet vum Asaz iwwer d'Integratioun an d'Plattform fir d'autonoomt Fueren bis hin zur Gestioun vun de Flotten an der Koordinatioun mat de Gesetzer. Den Test wäert iwwert ee Joer goen. Den Test ass virgestallt ginn, wéi 17 EU-Transportministeren zu Lëtzebuerg waren, fir en europäeschen Accord z'ënnerschreiwen, fir deementspriechend Tester ze vereinfachen an et Entreprisë méi einfach ze maachen, déi néideg Erlabnis dofir an de verschiddene Länner ze kréien.