
Virun iwwer 60 Joer gouf ugefaangen, d’Zuel vu Verkéiersdoudegen an Däitschland ze notéieren. 2019 si 6,6% manner Leit op den däitsche Stroosse gestuerwe wéi nach 2018.
Wéi dat statistescht Bundesamt schreift, wiere ronn 384.000 Persounen zejoert bei Accidenter blesséiert ginn, wat eng Baisse vun 3% ass. Manner Verwonnter heescht awer net onbedéngt manner Onfäll am Trafic. Der däitscher Police goufen ëm 2,7 Milliounen Accidenter gemellt, also 1,9% méi.