D'Elektromobilitéit kënnt lues awer sécher an d'Gäng. Entretemps fueren 30 % vun den nei ugemellten Autoen elektresch. D'Leit informéieren, dat ass d'Zil vum "Go-Electric-Day" an der Coque. E Freidegmoien hunn d'Klima-Agence an den Automobilclub Detailer genannt.
Elektresch Gefierer sinn entretemps feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Stroossebild. Bei ville Leit hätten d'Skepsis an d'Virurteeler nogelooss , seet de Fenn Faber, Direkter vun der Klima-Agence. De Grond si grouss Evolutiounen: Batterië géingen halen, d'Autonomie wier eropgaangen, d'Infrastruktur ausgebaut ginn an d'Käschte generell ze iwwerblécken.
Déi energeetesch Transitioun soll viru gedriwwe ginn, sou d'Klima-Agence.
E wichtegt Element ass d'Zesummespill tëschent dem Doheem an der Mobilitéit, tëscht der Photovoltaik an dem Elektroauto zum Beispill.
Bei déi sëlleg Hëllefen an Outile wäert vum 1. Oktober un nach en neit Instrument kommen, fir genee dat Zesummespill méi effikass ze reegelen, sou de Fenn Faber:
"Fir déi sougenannten HEMS. Dat sinn eigentlech déi Moduler, déi een doheem och installéiere kann, fir eigentlech déi Optimiséierung vun den Energieflëss am Gebai ze automatiséieren. Dat heescht, et ass eigentlech eng kleng Intelligenz, déi hëlleft."
Och den ACL confirméiert, datt d'Elektromobilitéit eng ëmmer méi grouss Roll spillt. Bei 80 % vun der Berodung, déi beim Automobilclub gemaach gëtt, geet et entretemps em elektresch Gefier, seet de Frank Maas vum ACL:
"Interessant, fir emol eng Kéier ze kucken, wat viru puer Joer war. Dat heescht, do waren d'Froen iwwert d'Elektromobilitéit éischter méi allgemeng. Et ass ëm d'Autoe gaangen, et ass ëm déi verschidde Motorisatioune gaangen. Dat huet sech grondleeënd geännert. Haut hunn d'Leit Froen iwwer e ganzen Ekosystem. Sief et fir d'Infrastruktur beim Lueden, wéi ee sech doheem kann ekipéieren, wéi ee ka bezuelen, d'Batterien, d'Primmen déi ee vum Staat ka kréien an de Leasing."
D'Consultatiounen zum Sujet Elektro hu sech eleng bannent dem Joer 2024 verduebelt. An de leschte véier Joer huet den ACL uechter d'Land 23 Konferenzen zum Sujet ofgehalen.
De "Go Electric Day" selwer ass de 4. Oktober an der Coque. 40 Exposante si present, eng ganz Rëtsch Experte sinn op der Plaz, 70 Elektrogefierer ginn ausgestallt. Och Tester si méiglech. Den Detail fannt Dir hei.