
Wéi et vun der Biergwuecht Sebnitz e Méindeg heescht, hätte sech d’Retter ofgeseelt, fir den ofgestierzte Mupp ze biergen. D’Chute vum Hond wier vun engem Bam ausgebremst ginn, wouduerch d’Déier éischte Blécker no nëmme liicht blesséiert gouf. Virop hat d’Onlineportal “sächsiche.de” doriwwer geschriwwen.
D’Bastioun gëllt als bekannte Fielsformatioun an der Sächsescher Schwäiz an ass eng beléift Ausfluchdestinatioun. Duerch d’Fielsformatioun zitt sech eng 76 Meter laang Bréck, iwwert déi ee bei d’Ruin vun der Fielsbuerg “Neurathen” kënnt.