Huet d'Thema LGBTQ+ eng Plaz an der Schoul?

Am Juli goufen et 2 Petitiounen, déi fir vill Gespréich, Opreegung an Diskussioun gesuergt hunn: Do sinn 2 verschidde Meenungen ausgedréckt ginn an zwar inwiefern Thema LGBTQ+ eng Plaz an der Schoul soll hunn oder net.
Fir di eng war et kloer: An eise Schoule sollen Themen, déi mat der sexueller Orientéierung an Identitéit vu Matmënschen ze dinn hunn, ausgeschloss ginn: doriwwer soll, dierft do net geschwat ginn. Et wier nëmmen e Recht vun de Familljen, fir sech dorëms ze këmmeren. Fir di aner huet et geheescht et wier, niewent der Famill, och den Optrag vun der Schoul fir e Beitrag ze leeschten, fir dass Kanner a Jugendlecher sech eng Meenung kënne, bilden zu perséinlechen an etheschen Froen: do geet et ëm Grondwäerter fir dass d’Würd vun jidderengem Eenzelen och ka respektéiert ginn.
An dozou géing dann och dat Thema gehéieren, wat ënnert de Begrëff LGBTQ+ fält.
Wéi ech mer et erwaart hunn, waren d‘Diskussiounen zum Deel ganz hëtzeg an kontrovers: eng sachlech Ausenanersetzung war an de sozialen Netzer éischter rar.
Zum Thema selwer wëll ech dann och meng Meenung soen: D’Kanner gi scho ganz fréi op der Strooss, am Schoulhaff, am Internet mat Pornosfilmer sou ze soen „opgekläert“, Allgemeng gi se mat villen falschen Informatiounen konfrontéiert. Eltere kréien dat oft net mat.
Et geet hei net nëmmen em Opklärung, ma em Sexualerzéiung. Et kann een net der Famill eleng déi Aufgab iwwerloossen. D’Schoul an d’Betreiungsstrukturen hunn eng ergänzend Roll.
Sexualitéit ass méi ewéi e Geschlechtsakt oder d‘Begéinung vun 2 Zellen, wou dann d’Liewen entsteet. Et ass en Deel vun der Perséinlechkeet an huet och mat eiser Gefillswelt ze dinn. Sexualerzéiung fänkt am klengem Alter un an Kanner stelle Froen am Laf vun hirer Entwécklung an et geet dreems, déi altersgerecht ze beäntweren.
Fir mech iwwerhëlt d’Schoul net zur genügend déi Aufgab, fir Kanner an dem Beräich fit ze maachen. De Planning Familial kann wuel duerfir gefrot ginn: do ass eng Equipe, déi da vun der Schoul geruff ginn, meeschten am Postfondamental, fir do mat deenen Jonken en Austausch ze hunn iwwert d‘Léift, d’Sexualitéit an Diversitéit vun den Identitéiten.
Mir geet dat net duer.
Ech stelle fest, wéi schwéier mer, eis, Erwuessener dinn, fir iwwert d’Léift ze schwätzen, de Respekt vum Aneren, an dann och iwwert Sexualitéit, déi ganz ënnerschiddlech ka gelieft ginn.
Ech wëll an enger Gesellschaft liewen, wou déi Mënschen, déi homo-, bi-, a-, transsexuel sinn, een Deel si vun der Gemeinschaft an net mussen erliewen, wéi wa se manner Rechter hunn.
Et ass, well mer verschidde sinn, dass mer gläich sinn.