D’Stabilitéit vu Lëtzebuerg konsequent vermaarten, grad elo!

A senger Carte Blanche beschäftegt de Carlo Thelen sech mat der Fro, wéi sech Lëtzebuerg an turbulente wirtschaftlechen a politeschen Zäiten am beschte kann no bausse verkafen.
Mir sollten dëser Deeg e kale Kapp behalen. Kricher, Cyber-Attacken, territorial Tensiounen a strategesch Rivalitéiten tëscht den grousse Wirtschaftsbléck gehéieren zum Alldag. Déi allgemeng Onstabilitéiten, an déi doduerch verstäerkte populistesch Tendenzen, verleede vill Natiounen an Regiounen dozou, sech z’isoléieren an bestoend Partnerschaften a Fro ze stellen.
Dëst kënnt och an Europa a souguer an eisen Nopeschlänner ëmmer méi zum Virschäin. Duerch falsch politesch Entscheedungen an Europa riskéiert den ale Kontinent op der Weltbün nëmmen nach eng zweet- oder drëttrangeg Roll ze spillen. Dat wier Schued, well Europa, mat sengem Bannemaart vun 450 Milliounen Konsumenten an héichwäertege Kompetenzen a ville Beräicher, hätt eigentlech d’Kapazitéiten, fir een attraktiven an respektéierten Acteur op der globaler Handelszeen ze sinn.
Déi nei Kommissioun, déi Mëtt Februar hire Programm fir déi nächst Jore virstelle wäert, ass op jidder Fall gefuerdert. Bleift ze hoffen, dass déi éischt positiv Ukënnegungen, zum Beispill fir d’Iwwerreguléierung ze stoppen, an a verschiddenen Beräicher méi autonom opzetrieden, och konkret an séier ëmgesat ginn.
Lëtzebuerg soll an dësem schwieregen Ëmfeld net op Entscheedunge vu bausse waarden, mee déi nei Tendenzen antizipéieren, sech deementspriechend agil opstellen, an nei Opportunitéiten notzen. Well laang kann eist klengt an oppent Land net eng “Insel der Glückseeligen” bleiwen, wann et ronderëm eis stiermt.
Eist Land demarkéiert sech momentan duerch seng politesch a sozial Stabilitéit an duerch d’Fiabilitéit, d’Dynamik an d’Expertis a villen Wirtschaftssecteuren. Lëtzebuerg sollt dovun profitéieren, fir nach méi konsequent a proaktiv wéi bis elo, säi Status als zouverlässege Wirtschaftspartner op deene Plazen vermaarten, wou eis Betriber Opportunitéiten fannen, oder wou seriö Investisseure sech fir eis intresséieren.
Eng effikass Promotioun vun eisem Standuert, a vun de Gidder an Déngschtleeschtungen "made in Luxembourg" brauch appropriéiert Ressourcen, een exzellent Zesummespill vun de lokalen Acteuren, ee gutt Netzwierk vun Ambassaden am Ausland, mat engem staarken Accent op der "diplomatie économique", an ee professionelle Marketing, baséierend op stéchhaltegen an noweisbaren Argumenter.
Am Verglach zu verschiddenen anere Länner, wéi zum Beispill Irland, Holland oder der Schwäiz, kéint Lëtzebuerg méi offensiv optrieden, an méi Mëttelen an den Grapp huelen, fir eis dobaussen nach besser ze verkafen. Mir missten och zum Beispill nach weider attraktiv bilateral Handels- an Steier-Accorden ofschléissen. Eng proaktiv an opportunistesch Ausdeenung vu wirtschaftlechen Partnerschaften hëlleft eis, méi staark opgestallt ze si fir d'Zukunft a fir méi resilient duerch dës mouvementéiert Zäiten no vir ze goen.