Haut, um 9. Mee feiere mer Europa, e Projet vu Fridden an Eenheet, vu fräier Zirkulatioun vu Wueren an Aarbecht a vun exemplarescher Kooperatioun a Solidaritéit ënner den europäesche Länner. Mee vill Fräiheeten a Rechter gëllen net fir all Awunner an der EU a sinn ofhängeg vun der Nationalitéit oder dem Wunnsëtz vun der Persoun. E puer Beispiller vun heiheem...

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Wärend EU-Bierger fräi an all EU-Land liewen a schaffe kënnen, ass den Zougang zum Aarbechtsmaart fir Bierger aus Drëttstaate streng gereegelt. Auslänner ouni europäesche Pass, déi e legalen Openthalt - oft schonns iwwer Joren - an engem aneren EU-Land hunn, kënne net fräi op Lëtzebuerg schaffe kommen. Dorënner si Mënsche mat EU-Diplomer, ënner anerem am Handwierk. Wou läit do de Sënn, wa si a Beräicher schaffe kéinten, wou zu Lëtzebuerg verzweiwelt no Mataarbechter gesicht gëtt. Dass dës Hürde fir Héichqualifizéierter net bestinn, ënnersträicht d'Diskriminatioun vun dëser Reegel.

Och bei der Unerkennung vun Diplomer gëtt et Ënnerscheeder an der EU. Mir hunn e grousse Manktem u Personal an de Gesondheetsberuffer. An trotzdeem ännere mer näischt un de Prozedure fir d'Unerkennung vun Ausbildung ausserhalb vun der EU vun Dokteren oder Fleegepersonal. Mir besti riicht weider op en Diplom an eng Autorisatioun aus engem EU-Land. Mir hu Leit hei op der Plaz, déi prett sinn, fir am Secteur ze schaffen, a mer verweigeren d’Unerkennung vun hirem Diplom. Firwat gëtt et kee Validéierungsparcours vu hiren Diplomer, sou wéi dat an aneren EU-Länner de Fall ass?

Unerkannt Flüchtlinge kënnen och net fräi an Europa schaffen oder liewen. Wéinst der akuter Wunnengsnout bleiwen der vill vun hinne bei eis an de Foyeren hänken. Hir Openthaltsgeneemegung gëllt nëmme bei eis am Ländchen. Si kënnen net iwwer d'Grenz eraus wunne goen. Firwat kënne Mënschen, déi an engem EU-Land Asyl accordéiert kruten, net och fräi entscheeden, a wellechem Land vun der EU si liewen a schaffen? Kéint Lëtzebuerg hei net Virreider sinn?

Am Joer 2024 hu 489.000 Salariéen zu Lëtzebuerg geschafft, 47% dovunner ware Grenzgänger aus eisen Nopeschlänner, déi bei eis Steiere bezuelen. Lëtzebuerg profitéiert also definitiv vum fräie Persouneverkéier. Déi ëffentlech Infrastrukture wéi Schoulen, Klinicken a vill aneres bezilt d'Land, wou de Grenzgänger wunnt an dat obwuel hie seng Steieren zu Lëtzebuerg bezilt. Wou bleift d‘Ëmverdeelung vun hire Steierrecetten, wéi dat zum Beispill an der Grenzregioun Genève besteet?

Iwwerall an Europa ginn d'Grenzen erëm zou. Gehetzt vu Populisten a Faschiste bréngen déi demokratesch Kräften et net méi fäerdeg, de Mënschen d'Wichtegkeet vun enger gemeinschaftlecher, solidarescher an humanistescher Migratiounspolitik verständlech ze maachen. Wou bleift de Solidaritéitsgeescht an Europa

Ah jo. An dann ass do nach d'Fro vun der Matbestëmmung, spréch dem Auslännerwalrecht, wou Lëtzebuerg absolutten EU-Spëtzereider am Demokratiedefizit bleift. Um 75. Joresdag vu senger memorabeler Deklaratioun huet de Robert Schumann deemno all Grond, fir sech am Graf ëmzedréinen.