D'Carte blanche vum Magali PaulusEkozid

Magali Paulus
De Genozid bezeechent d’Zerstéierung vum engem nationalen, ethneschen, rasseschen oder reliéise Grupp. Den Ekozid bezeechent d’Zerstéierung vun Ekosystemer duerch de Mënsch. Haut freet d'Magali Paulus, wat eis politesch a juristesch Strukture kënne maachen, fir d'Zerstéierung vun der Ëmwelt virzewarnen a ze bestrofen.
© RTL

Si schafft fir CELL an ass engagéiert beim Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Eng Carte blanche vum Magali Paulus

Zanter dem Ufank vum Genozid zu Gaza huet de Konzept vun Ekozid mech beschäftegt. Déi massiv Zerstéierung vun natierlechen Ekosystemer an de Klimawandel féieren zu engem irreversibele Changement vun der Biosphäre. D'Schnellegkeet vun dem Prozess gëtt der Mënschheet an anere Liewewiesen net genuch Zäit, sech z'adaptéieren an d'Risiken ze limitéieren. Nëmmen eng Elite kéint sech d'Mëttel ginn; déi nämmlecht Elite, déi deen ideologeschen an ekonomesche System entwéckelt, geleet a profitéiert huet, dee fir d'Polykrise vun haut verantwortlech ass. De Model huet sech opgebaut, an deem e sech iwwert d'Wichtegkeet vun den Ekosystemer am Erhale vum Liewen op der Äerd ewechgesat huet. En huet eis vergiesse gelooss, dass mer op enger endlecher Welt liewen, wou all Form vu Liewen interconnectéiert an interdependant ass.

Eisen aktuelle juristesche Kader huet net déi néideg Instrumenter fir der generaliséierter Degradatioun vun den Ekosystemer, déi duerch geféierlech industriell Aktivitéite verursaacht gëtt, en Enn ze setzen. Derbäi musse mir net nëmmen eist Recht op Liewe schützen, mee och d'Rechter vun den nächste Generatiounen an d'Rechter vun der Natur selwer. D'Verbrieche vum Ekozid als internationaalt Verbrieche géint de Fridden unerkennen an et och am nationale Code pénal festegen, géing en effikasse Schutz vun deene Rechter erméiglechen.

1985 huet de Rapport Whitaker den Ekozid fir d'éischt definéiert[1]. Dorops hin ass 1991 den Artikel 26 an dem Statutprojet fir d'Cour Pénale Internationale (CPI) entstan iwwert Handlungen, déi der Ëmwelt schwéiere Schued zoufügen, applicabel zu Krichs- a Friddenszäiten[2]. Den Artikel ass 1995 begruewe ginn an d'CPI, déi 2002 gegrënnt ginn ass, kann nëmmen d'Verursaache vu wäitreechenden, durabelen a schwéiere Schied un der natierlecher Ëmwelt als Krichsverbrieche jugéieren, mee et si keng Bestëmmunge virgesinn, fir d'Ëmwelt a Friddenszäite virun esou Beanträchtegungen ze schützen[3].

Et gëtt awer Zäit, déi penal Verantwortlechkeet vun den Decideuren z'engagéieren, wann hir Entscheedungen dozou féieren, dass de Fridde menacéiert ass duerch Aktiounen, déi d'Destruktioun vun de Liewensbedingungen op der Äerd erbäiféieren. Stop Ecocide International, e Mouvement, deen Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft an Experten zesummebréngt, huet 2021 Ekozid als "des actes illicites ou arbitraires commis en connaissance de la réelle probabilité que ces actes causent à l'environnement des dommages graves qui soient étendus ou durables[4]" definéiert. 2024 war d'Belsch dat éischt europäescht Land, dat d'Verbrieche vum Ekozid um nationalen an international Niveau a säi Code pénal gesat huet. Um Niveau vun der EU gëtt et eng nei Direktive fir d'Verbrieche géint d^'Ëmwelt, déi an all Memberstaat ëmgesat soll ginn. Wéi ass et zu Lëtzebuerg? No dësem Summer wier et un der Zäit, en drasteschen Effort fir de Schutz vun der Natur ze maachen.

[1] "des changements défavorables, souvent irréparables, à l’environnement – par exemple par des explosions nucléaires, des armes chimiques, une pollution sérieuse et des pluies acides, ou la destruction de la forêt tropicale – qui menacent l’existence de populations entières, délibérément ou par négligence criminelle" Mark Whitaker Report, United Nations Economic and Social Council Commission on Human Rights, 1985, http://www.preventgenocide.org/prevent/UNdocs/whitaker/section6.htm

[2] "Tout individu qui cause délibérément ou ordonne que soient causés des dommages étendus, durables et graves à l’environnement naturel sera, une fois reconnu coupable de cet acte, condamné..."

[3] Virginie Cabanes, Le crime d’écocide, dans : Des droits pour la nature, Les Editions Utopia, 2016

[4] https://fr.stopecocide.earth/legal-definition

Back to Top
CIM LOGO