Carte blanche vum Bob ReuterRéckbléck op méi wéi zéng Joer Trennung vu Kierch a Staat

Bob Reuter
An der Carte Blanche kuckt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, éierlech zréck op méi wéi zéng Joer Trennung vu Kierch a Staat: wat gouf erreecht, wat net a wat sollt nach verbessert ginn?
© RTL

Viru méi wéi zéng Joer huet Lëtzebuerg ugefaangen, eppes opzeléisen, wat iwwer 200 Joer al war. Zënter dem Napoleon sengem Konkordat vun 1801 huet de Staat d'Paschtéier bezuelt an d'Kierch de Reliounsunterrecht an eisen ëffentleche Schoulen hale gelooss. Enn 2013 huet dat ugefaangen ze bréckelen. Haut ass et Zäit, éierlech Bilan ze zéien: wat gouf erreecht, wat feelt nach a war eis Strategie, fir ni ëffentlech Suen unzefroen, um Enn ee Feeler?

Carte Blanche vum Bob Reuter

Et ass villes wierklech besser ginn. D'Gemenge musse keng kierchlech Defiziter méi droen. Den zentralen Akt vun eisem Nationalfeierdag ass eng oppen, zivil Zeremonie, net méi den Te Deum. A virun allem: zënter 2016 an 2017 sëtzen all d'Kanner am selwechte Cours a léieren eppes iwwer Ethik, Demokratie a kritescht Denken — zesummen, net méi getrennt no der Relioun vun den Elteren. Grad an Zäite vu Populismus, Intoleranz a Veruechtung vun der Demokratie ass dëse Cours wäertvoll. Doriwwer raus krut d'Sekulariséierung vun eiser Gesellschaft duerch déi ganz Reformen endlech symbolesch Unerkennung.

Mee kommt, mir sinn éierlech: mir hunn all vun enger Trennung geschwat. Awer de Staat finanzéiert hautdesdaags ëmmer nach sechs Reliounen – an d'Fro, ob en iwwerhaapt fir Relioun bezuele soll, gouf heemlech aus dem Referendum vun 2015 rausgeholl, ier d'Bierger doriwwer ofstëmme konnten.

An zum Schluss d'Fro un eis selwer. Mëttlerweil nennt nëmmen nach knapp d'Hallschent vun der Bevëlkerung sech kathoulesch; déi net-reliéis Leit sinn haut e wichtegen a wuessenden Deel vun eiser Gesellschaft. An awer huet keng net-reliéis Gemeinschaft eng vergläichbar Unerkennung. Als AHA Lëtzebuerg hu mir ni gefrot, fir finanzéiert ze ginn, well mir wollten, datt de Staat sech aus der Finanzéierung vu Weltuschauungen eraushält – a well mir ni der Finanzéierung vun de Relioune wollten als Alibi déngen. Dee Prinzip steet nach ëmmer. Mee de Präis bezuelen déi net-reliéis Mënschen am Land: hiert ur-mënschlecht Bedierfnes no Zeremonië ronderëm déi grouss Iwwergäng am Liewen, no Begleedung an däischtere Stonnen, gëtt ëffentlech vu kengem gedroen – wärend d'Reliounsgemeinschaften hir Servicer gratis ubidde kënnen, bezuelt vun eis alleguer. Soulaang de Staat also iwwerhaapt bezilt, wär et nëmmen normal, datt och déi Net-Reliéis ee Stéck vum Kuch ofkriten. Dat wär da keng Extra-Wurscht fir eis, mee einfach just gläich Behandlung vun allen — also eng wierklech neutral Haltung vum Staat par Rapport zu alle Weltuschauungen.

Ech kucken dankbar op dat lescht Joerzéngt zréck, op déi batter néideg Verännerungen. An ech wënsche mir, datt et weidergeet. Mat engem Staat, deen onparteiesch tëscht Gleewegen an Net-Gleewege steet – an deen och deenen ëmmer méi Leit ouni Relioun eppes Uerdentleches bitt. Dat sollte mir an den nächsten 10 Joer erreechen.

Back to Top
CIM LOGO