Carte blanche vum Tom WirionLëtzebuerg brauch nees méi wirtschaftlech Dynamik

Tom Wirion
Lëtzebuerg huet déi rezent Krisen duerch wichteg ëffentlech Efforten ofgefiedert. Mee kann eist Land sech och an Zukunft dauerhaft op ëffentlech Depensë stäipen? Dat ass d’Fro, déi den Tom Wirion a senger Carte blanche iwwer d’wirtschaftlech Dynamik vum Land stellt.
© RTL Grafik

D'Carte blanche vum Tom Wirion

A sengem rezenten Rapport iwwer Lëtzebuerg stellt den Internationale Wärungsfong eng Diagnos, déi ons sollt ze denke ginn. De Rapport seet net, datt et dem Land schlecht geet. Lëtzebuerg huet weiderhin wichteg Atouten: eng oppen Ekonomie, eng staark Widderstandsfäegkeet an eng Staatsschold, déi am internationale Verglach nach ëmmer niddreg ass.

Mee de Rapport weist och, datt d’budgetär Entwécklung méi ugespaant gëtt an datt de Staat mat senge Mëttele méi virsiichteg ëmgoe muss. De Message ass kloer: déi aussergewéinlech Äntwerten op d’Krisen däerfen net zur "neier" Normalitéit vun eiser Ekonomie ginn. An der Pandemie, der Energiekris, der Inflatioun an dem Ofschwong am Immobiliesecteur huet de Staat seng Roll als Stabilisator gespillt. Dat war richteg an néideg.

Haut stellt sech awer eng aner Fro: Wéi fanne mir zeréck zu engem méi dynamesche Wuesstem, dee méi staark vum privaten Investissement, vun Innovatioun, vu Produktivitéit a vun den Entreprisë gedroe gëtt?
Eise Wuelstand ass net duerch ëffentlech Depensen entstanen. E berout virun allem op Entrepreneursgeescht, op Investissementer an op Betriber, déi wirtschaftlech Aktivitéit entwéckelen an dauerhaft Aarbechtsplaze schafen.

Dat heescht awer net, datt de Staat hei keng Roll ze spille hätt. Seng Aufgab ass et, en Ëmfeld ze schafen, dat privat Investissementer erliichtert an encouragéiert. Dat gëllt besonnesch fir de Logement an de Bausecteur. Mat méi séiere Prozeduren, kloren an einfache Reegelen an engem investitiounsfrëndleche Kader kann de Staat hëllefen, nei Dynamik an de Bausecteur ze bréngen an de Réckstand beim Bau vu bezuelbare Wunnengen opzeschaffen.

Zanter e puer Joer gesi mir awer en Desequiliber. En ëmmer méi groussen Deel vun der wirtschaftlecher Aktivitéit hänkt haut vum Staat of: vun héijen ëffentlechen Depensen an och vun enger ëffentlecher Beschäftegung, déi staark gewuess ass.

Gläichzäiteg sti vill privat Entreprisë viru schwéiere Belaaschtungen. Besonnesch d’Rekrutéierung gëtt ëmmer méi schwéier. Wann de Staat an d’Gemenge ze staark astellen an attraktiv Loun- a Karriärkonditioune bidden, mat deene vill Betriber net mathale kënnen, da verschäerft dat de Konkurrenzkampf ëm qualifizéiert Aarbechtskräfte.

D’Handwierk weist dat ganz konkret: bal 10.000 Entreprisen mat engen 105.000 Beschäftegten. Wann dës Betriber manner investéieren, manner rekrutéieren oder forméieren, da verléiere mir Aarbechtsplazen, Know-how a Servicer no bei den Leit.

Et geet also net drëm, de Staat an d’Entreprisë géinteneen auszespillen. De Staat huet eng zentral Roll: hie muss an déi néideg Infrastrukturen investéieren, de Logement an d’Formatioun virubréngen an en Ëmfeld schafen, dat Energietransitioun, Digitaliséierung an Innovatioun erméiglecht.

Mee all dës Mëttele mussen engem Zil déngen: déi produktiv Kapazitéit vum Land ze stäerken. Dofir geet et net nëmmen drëm, wéi vill Suen de Staat ausgëtt, mee ob dës Suen eis no vir bréngen oder just de System vun haut um Lafen halen.

Kompetitivitéit ass kee Luxus. Si ass d’Basis, fir datt Lëtzebuerg seng Zukunft aus eegener Kraaft gestalte kann - mat méi Investissement, méi Innovatioun a méi Vertrauen an d’Betriber.

Tom Wirion
Directeur général Chambre des Métiers

Back to Top
CIM LOGO