
Well se net jidderee gläich trëfft. Leit mat klengen a mëttleren Akommes ginn e vill méi groussen Deel vun hirem Akommes fir déi elementar Saachen am Alldag aus: fir Iessen, fir Heizung, fir Energie, fir Wunnen.
Wann déi Saache méi deier ginn, da spiere si dat direkt. All Mount. Am Portmonni.
Bei Leit mat ganz héijen Akommes oder groussem Verméigen ass d'Situatioun eng aner. A verschidde grouss Konzerner kënne vun héije Präisser souguer profitéieren – besonnesch do, wou et staark Maartpositiounen a wéineg Konkurrenz gëtt.
Mee et ass och wichteg ze kucken: Wou kënnt déi Inflatioun iwwerhaapt hier?
Et gëtt Inflatioun, déi duerch eng ganz héich Nofro entsteet. An et gëtt Inflatioun, déi duerch extern Schocke gedriwwe gëtt.
An den Ament hu mer et staark mat esou enger schockgedriwwener Inflatioun ze dinn.
Geopolitesch Konflikter kënnen d'Energiepräisser an d'Luucht dreiwen. Gläichzäiteg spiere mer d'Konsequenze vun der Klimakris. Dréchenten an extrem Wiederphenomener kënnen d'Offer vu Weess an anere Liewensmëttel reduzéieren.
An och dat dreift d'Präisser.
A wat ass d'Äntwert dorop?
D'Zentralbank erhéicht d'Zënsen, fir d'Inflatioun ze bekämpfen.
Dat spiere Leit zum Beispill, wa si hir Immobilie finanzéieren.
An domat bezuele vill Leit zweemol.
Fir d'éischt bezuele se méi fir Iessen, Energie a Wunnen.
An da bezuele se och nach méi fir hire Kredit.
Obwuel si selwer weder geopolitesch Konflikter nach Energiepräisser oder Dréchente beaflosse kënnen.
An amplaz datt mer endlech eng seriö Diskussioun iwwer Präisdreiwerei féieren, iwwer Präiskontrollen, iwwer Anti-Spekulatiounsmesuren an iwwer eng Iwwergewënnsteier fir déi, déi aussergewéinlech vun esou Krise profitéieren, gëtt an Europa nees iwwer Austeritéit geschwat.
Dat heescht: Amplaz un d'Ursaache vun der Präisdeierecht ze goen, gëtt den Drock op déi verstäerkt, déi am mannsten dofir kënnen.
An zu Lëtzebuerg?
Do kënnt ëmmer nees den Index an d'Diskussioun.
Et gëtt behaapt, d'Upassung vun de Léin un d'Inflatioun wier de Problem.
Mee den Index ass keng reell Lounerhéijung.
Wann d'Präisser geklomme sinn an de Loun duerno ugepasst gëtt, da gëtt een doduerch net automatesch méi räich.
Et geet drëm, de Verloscht u Kafkraaft auszegläichen, deen duerch d'Inflatioun entstanen ass.
An da kënnt dacks d'Argument: Jo, mee héich Gehälter profitéieren disproportionell vum Index.
Mee och do gëtt et eng Äntwert.
Wann een der Meenung ass, datt ganz héich Akommes méi staark zur Finanzéierung vun eiser Gesellschaft bäidroe sollen, da kann een ab engem gewëssenen Akommes de Spëtzesteiersaz erhéijen.
An eppes gëtt bei all dëse Krisen ëmmer méi kloer:
Eng Wirtschaftspolitik, déi fair a gerecht ass.
Eng Wirtschaftspolitik, an där extrem räich Leit endlech hire gerechten Deel zur Finanzéierung vun eiser Gesellschaft bäidroen.
Mir brauchen eng Wirtschaftspolitik, déi Schluss mécht mat der Ëmverdeelung vun ënnen no uewen.
An eng Wirtschaftspolitik, déi eis Liewensgrondlagen erhält a respektéiert.
Eng Wirtschaftspolitik, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt.