A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, ex-Deputéierten, iwwer en noutwendege Bilan vu fënnef Joer Corona.

Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Viru kuerzem nach hat ech op déi zweifelhaft an ëmstridde Roll vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO wärend der sougenannter Corona-Pandemie higewisen, a virun ze vill Muecht vun dëser WHO gewarnt, well se vill ze staark ënnert dem Afloss steet vu Pharmalobbyen a private Milliardärsstëftungen.

Gläichzäiteg hat ech den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier zitéiert, deen nach kuerz virun de rezente Bundestagswale feierlech deklaréiert hat, et sollt direkt no deene Walen zu engem éierlechen Opschaffe vun der Corona-Zäit kommen.
 
An dach ass bis haut, och hei bei eis, an deem Sënn net ganz vill geschitt.

Ech froen, fir wat!

An Däitschland koum et, no Plainten, dunn zwar zur Verëffentlechung vun de sougenannten RKI-Files, dat heescht de geheime Corona-Protokoller vum Robert Koch Institut, an déi haten et a sech,well se bewisen hunn, datt vill vun de libertiziden Anti-Corona-Mesüren z.B. Lockdownen a Confinementer, Schoulschléissungen a Maskenzwang net medezinesch wëssenschaftlech baséiert waren, mä reng politesch vun der EU-Spëtzt erof an d'Innen- an d'Gesondheetsministèrë vun den nationale Staaten.

Déi RKI-Protokoller an Däitschland hunn nogewisen, datt an Däitschland déi zwee successiv Gesondheetsministere Spahn a Lauterbach implizéiert waren, de Spahn, deen elo viru kuerzem nach ugeklot ginn ass, bei de Maskebestellunge Milliarden Steiergelder an de Sand gesat ze hunn.

A bekanntlech war viru kuerzem och d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wéinst hiren ëmstriddene Pfizer-Impfstoffbestellunge viru Gericht zitéiert ginn.
 
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Et ass zënter laangem bekannt, datt an der Politik onbequeem an ëmstridden Affären ëmmer erëm gären ënnert dee berüümten Teppech gekiert ginn, fir datt se méiglechst schnell solle vergiess ginn. Beispiller dovu ginn et der
genuch, och hei am Land. Bei der Coronakris geet et awer ëm vill méi, engersäits duerch déi eesäiteg gelenkte Corona-Informatiounspolitik an anersäits och, well duerch déi direkt oder indirekt Impfobligatioune mat den neien, net seriö gepréifte gentechneschen Impfinjektiounen international, mee och hei am Land net wéineg Leit, och Kanner a Jugendlecher, schwéier gesondheetlech Schied erlidden hunn oder esouguer gestuerwe sinn. Gesondheetlech Schied duerch Long-Covid oder Post-Vax-Syndrom, déi oft och haut nach undaueren.
 
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
 
Eng demokratesch an transparent Gesellschaft däerf esou gravéierend Problemer net einfach ënnert den Teppech kieren. Et geet hei ëm en noutwendeg éierlecht Opschaffe vun deem Ganzen, vu gemaache Feeler a fir Léieren doraus ze zéien, fir datt an de kommende Joren net nach eng Kéier dat selwecht ka passéieren.
 
Dat war eng Carte Blanche vum Jean Huss, Ex-Deputéierten.