E Méindeg si bei enger israeelescher Loftattack siwe Mënsche gestuerwen, déi Liewensmëttel an der Gazasträif wollte verdeelen.

Et gouf vill international Kritik an Empörung, sou eppes dierft net geschéien. Den israeelesche Premier Netanjahu schwätzt vun engem "trageschen Accident" a versprécht Opklärung. Israel huet de Krich net méi ënner Kontroll, mengt d’Carine Lemmer a sengem Commentaire.

Op Ouschterméindeg huet Israel e Konvoi vun der Hëllefsorganisatioun "World Central Kitchen" aus der Loft attackéiert. Dobäi si siwe Mataarbechter vun der Organisatioun ëm d'Liewe komm. Déi israeelesch Regierung an de President bedaueren de Virfall. Et géif een alles maachen, fir datt esou eppes net méi geschitt. Mä de Premier Netanjahu sot och: "Dat passéiert am Krich".

De Commentaire vum Carine Lemmer

De Chef vun der ONG, de José Andrés, reprochéiert Israel e "systematescht Doutmaachen" vun internationale Secouristen. Israel wär iwwer den Hëllefskonvoi informéiert gewiescht an hätt trotzdeem "Auto fir Auto" zerstéiert. Déi israeelesch Arméi hätt de Konvoi geziilt attackéiert. Et kéint een net soen: "Ups, mir hunn eng Bomm op déi falsch Plaz gehäit." De Konvoi wär kloer als humanitäre Konvoi gezeechent gewiescht, mat Marquagen um Daach, sou de Chef vun der Hëllefsorganisatioun.

"World Central Kitchen" huet bis ewell Liewensmëttel geliwwert an Iesse gekacht, déi an der Gazasträif verdeelt goufen. An iwwer 60 Kichen an der Gazasträif huet een all Dag Honnertdausende vu Moolzechte preparéiert. Zanter der Attack geschitt dat net méi. Och per Schëff sollten Tonnen Hëllefsgidder fir déi iwwer zwou Millioune Mënschen an der Gazasträif verdeelt ginn.

Fir d’fënneft Kéier bannent 20 Joer ass Krich an der Gazasträif. Dem aktuelle Konflikt ass eng extrem bluddeg Terrorattack virausgaangen. De 7. Oktober zejoert hunn Terroriste vun der Hamas iwwer 1.300 Mënschen - haaptsächlech Zivilisten - ëmbruecht. Iwwer 100 Geisele sinn nach ëmmer an hirer Gewalt.

Zil vum Krich wier et, fir d’Hamas militäresch ze zerstéieren, seet Israel. Dat géif just mat enger Offensiv op Rafah goen. Dat geet awer net ouni zivil Affer. Elo scho sollen iwwer 30.000 Mënsche gestuerwe sinn. D’Verhandlungen iwwert eng Wafferou an d’Fräiloosse vun de Geisele sinn och an enger Sakgaass. Mat der Hamas ass keng Léisung, kee Kompromëss en Vue. D’Resultat ass déi desastréis, humanitär Situatioun vu Millioune Palästinenser. An d’Attack op den Hëllefskonvoi huet d’Situatioun nach emol verschlëmmert.

Alles an allem ass de Bilan vum Krich bis ewell: schrecklech. Kritik un Israel ass ëmmer schwiereg. Wéini ass déi Kritik antisemittesch? En Ënnerscheed tëscht dem Staat Israel an der Regierung muss awer méiglech sinn. D’Fro stellt sech och: Wéini kann oder muss ee vu Krichsverbrieche schwätzen? Och d’Kritik vum groussen Alliéierten, den USA, wiisst. An d’Zuel vun den Affer och.