RTL-FaktencheckBréngt neie Projet vum Xavier Bettel de Leit bis zu 17.500 Euro pro Mount?

RTL-Faktencheckekipp
An de Soziale Medie mécht aktuell e Video den Tour, an deem en RTL-Reportage Reklamm fir e Projet vum Xavier Bettel ze maache schéngt. Et handelt sech allerdéngs ëm eng Fälschung.
Faktencheck: Xavier Bettel mécht net Reklamm fir Trading Plattform
An engem gefälschte Video gëtt Material aus dem Journal vun der Tëlee geholl, fir op eng dubiéis Plattform fir Trading hinzeweisen.

Wat gëtt am Video gesot?

Et ass eng Fake News, dee mer scho ganz änlech am Januar haten. E Reportage op RTL Tëlee Lëtzebuerg mécht Reklamm fir e Projet vum fréiere Premier an aktuellen Ausseminister Xavier Bettel, dee Versprécht, bis zu 17.500 Euro pro Mount ze verdéngen. Dausende vu Lëtzebuerger géifen schonn domadder all Dag Sue verdéngen, kritt de Xavier Bettel op Franséisch an de Mond geluecht. 575 Euro den Dag kéint ee mat dëser Method verdéngen, esou d’KI-Stëmm vum Ausseminister. Dëst wier esou d’Informatioun am Video mat Hëllef vun Trade Edge AI ganz automatiséiert, ouni datt de User nach vill misst maachen. Am Video viru ronn zwee Méint goufen nach bis zu 30.000 Euro de Mount versprach

Wien ass Trade Edge AI

Eng kuerz Sich iwwer Google hëlleft do scho weider, well direkt déi éischt Säit, déi een opruffe kann, ass vun der FCA, also der brittescher Finanzautoritéit. Dës warne virun Trade Edge Ai: “Dës Firma kéint finanziell Servicer ubidden oder Reklamm dofir maachen ouni eisen Accord. Dir sollt Geschäfter mat dëser Firma evitéieren an Iech viru Spam an Uecht huelen”, steet op der Säit vun der FCA ze liesen. D’Firma krut also vun de britteschen Autoritéite keng Autorisatioun, fir a Groussbritannien Geschäfter ze maachen. Och déi brittesch Traders Union warnt virun dëser App.

An awer fënnt een iwwer Google vill verschidden Internetsitten, déi ëmmer e bëssen anescht geschriwwe ginn. Eng Säit behaapt vu sech selwer, datt si déi offiziell Säit vun Trade Edge AI an Australien wier. Och ass d’App “TradeEdge: AI Trading Lab” op Google Play ze fannen. D’Zuel vun den Downloads ass awer hei ganz geréng.

Video aus dem Journal vum 2. Mäerz

© RTL

Fir de falschen Extrait vum Xavier Bettel ze annoncéieren, gouf eng Frequenz aus dem Journal vum 2. Mäerz geholl. Dëse gouf vum RTL-Journalist a Presentateur Frank Goetz moderéiert. Hei sinn et d’Kleedung, wéi och d’Frisur an de Brëll, déi een erkenne loossen, datt dës d’Basismaterial vum gefälschte Bäitrag ka sinn. Well een d’Bild op den RTL-Presentateur awer esou staark erugezoomt huet, ass et schwéier ze soen, aus wéi enger Frequenz vum Journal dëst Material erausgezu gouf.

Da gouf natierlech och d’Stëmm manipuléiert. Wärend de Frank Goetz am Originalvideo Lëtzebuergesch schwätzt, héiert een de Journalist am mat KI-manipuléierte Bäitrag Franséisch schwätzen an eben, wéi uewe schonn erwäänt, iwwert de Projet vum Vizepremier Xavier Bettel. D’Moderatiounen am Journal vun RTL Lëtzebuerg sinn a bal alle Fäll op Lëtzebuergesch, eenzeg bei auslänneschen Invitéë live am Studio kann et virkommen, datt d’Froen an de Sprooche gestallt ginn, déi d’Invitéen och selwer schwätzen.

Xavier Bettel op der “Opening Ceremony” vun Nexus Luxembourg 2025

De Xavier Bettel am gefälschte Video, deen an de soziale Medie verbreet gëtt.
De Xavier Bettel am gefälschte Video, deen an de soziale Medie verbreet gëtt.
© Screenshot

D’Evenement, vun deem d’Bildmaterial vum Xavier Bettel staamt, war de 17. an 18. Juni 2025 an der Luxexpo um Kierchbierg. Hei war den Ausseminister ee vun de Riedner, déi invitéiert waren, an huet mat sengem kuerze Speach iwwer Leadership an iwwer déi nei Technologien d’Evenement u sech opgemaach. Well den Extrait, dee vun der Ried benotzt gouf, an der Breet vum Bild esou limitéiert war, hate verschidden Hëllefsmëttel, wéi Google Lens, Problemer, den Originalvideo ze fannen. Eng traditionell Sich iwwer Google, andeem ee Xavier Bettel a Speach an der Sichfunktioun aginn huet, huet een dunn op d’Opening Ceremony vun @Nexus Luxembourg 2025 bruecht.

Vergläicht een hei dann den Hannergrond, d’Kleedung an d’Beweegunge vum Vizepremier, awer och ganz wichteg, de kuerze Cut op de Public, fënnt een all déi Saachen esouwuel am gefälschte Video, deen d’User op e Fake-Link féiere wëll, wéi och am Original zeréck. Doduerch kann ee sech da sécher sinn, datt d’Fälscher Extraite vun dëser Ried genotzt hunn, fir hire Message weiderzeginn.

Ma och hei schwätzt den Ausseminister net Franséisch am original Bildmaterial, mä seng Ried vun eppes iwwer véier Minutten ass op Englesch. An hei geet et eben net ëm säin angeebleche grousse Projet, mat deem d’Leit sollen zéngdausenden Euro de Mount verdénge kënnen, mä ëm Féierungskräften an enger Welt, déi sech séier verännert, an ëm d’Roll vu Lëtzebuerg an der aktueller Weltpolitik.

Fir dëse Video goufen Extraite vum selwechten Optrëtt vum Vizepremierminister geholl, wéi scho bei der gefälschter News vu Mëtt Januar.

Fazit: De Xavier Bettel mécht keng Reklamm fir Trade Edge AI

De Video, deen an de soziale Medien den Tour mécht, ass gefälscht. Weder gouf et en RTL-Reportage, deen e Projet vum Xavier Bettel annoncéiert huet, mat deem een dausenden Euro pro Mount ka verdéngen, nach huet de Vizepremier an Ausseminister dëst perséinlech annoncéiert. Mat verschiddenen Indicë kann een dës Fälschung awer séier erkennen: Den RTL-Noriichtespriecher Frank Goetz schwätzt Franséisch an net, wéi normalerweis am Journal, Lëtzebuergesch. De Xavier Bettel schwätzt zwar an Interviewen och emol gäre Franséisch, ma seng Beweegungen, grad vum Mond, sinn am gefälschte Video net ganz flësseg. Och déi rose Versioun vum Vizepremier, déi een am gedeelte Bildschierm gesäit, am Ufank gesäit, ass e gudden Indice, datt de Video net echt ass. Da warne brittesch Finanzautoritéite virun der Internetsäit Trade Edge AI.


Änlech Sujeten:

Back to Top
CIM LOGO