Invité vun der Redaktioun (9. Mäerz)Paulette Lenert, LSAP-Deputéiert

François Aulner
E Méindeg de Moie sinn den Iran-Krich an en neien LSAP-Grondsazprogramm Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wéinst dem Iran-Krich si Leit rapatriéiert ginn an d’Präisser un der Pompel si geklommen. Wéi ass d’Reaktioun vun der Regierung bis elo ze bewäerten an op wat soll ee sech astellen? Dat froe mir d’LSAP-Députéiert Paulette Lenert, déi als Regierungsmember wärend der Covid-Pandemie an der russescher Invasioun vun der Ukrain Krise kennt. Mat hir schwätze mer awer och iwwert den Entworf vun engem neien LSAP-Grondsazprogramm, iwwert deen hir Partei e Samschdeg ofstëmme soll.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO