Analysen iwwer Ueleg-Fuite zu Mäertert amgaangenDen Hafe bleift viraussiichtlech bis en Dënschdegmoien 8 Auer zou

RTL Lëtzebuerg
Claudia Kollwelter
Marc Hoscheid
E Sonndeg den Owend ass eng gréisser Quantitéit Pëtrol aus dem Baseng vum Hafen an d'Musel gelaf. Eng Ueleg-Spär soll eng weider Ausbreedung verhënneren.

Den Hafen zu Mäertert bleift viraussiichtlech bis en Dënschdegmoien 8 Auer zou. Kuerz virun 19 Auer e Sonndeg gouf der Waasserschutzpolice vun Tréier eng gréisser Verknaschtung vun der Musel op der Héicht Mäertert gemellt. Deemno soll eng “ueleghalteg” Substanz, warscheinlech Diesel, aus dem Baseng vum Hafen an d’Waasser gelaf sinn. De fräiwëllege Pompjeeë vu Konz no huet sech d’Veronrengegung bis op Oberbillig ausgebreet.

D'Analysen iwwer Ueleg-Fuite zu Mäertert amgaangen
E Sonndeg den Owend, genee wéi e Méindeg den Dag iwwer, waren eng 25 Leit vum CGDIS am Asaz.

Wéi de Buergermeeschter vu Mäertert, de Jérôme Laurent eis op Nofro hin erkläert huet, wier e Sonndeg Ueleg op der Musel festgestallt ginn, wouropshin de CGDIS informéiert gouf, deen direkt intervenéier, an eng Ueleg-Spär an der Entrée vum Hafen installéiert huet, fir ze verhënneren, datt d’Verknaschtung sech ausbreet. Doduerch ass den Hafen aktuell gespaart. Den Ament géingen zwee Schëffer dowéinst am Hafe festsëtzen, ma et géing awer näischt méi an d’Musel lafen. Dat huet eis och d’Direktioun vum Hafen op Nofro hi confirméiert.

Analysen zu Ueleg-Fuite zu Mäertert amgaangen
E Sonndeg den Owend ass eng gréisser Quantitéit Pëtrol aus dem Baseng vum Hafen an d’Musel gelaf. Eng Ueleg-Spär soll eng weider Ausbreedung verhënneren.

All d’Prozedure wieren agehale ginn an och gutt ofgelaf an all d’betraffen Acteure wieren och direkt alertéiert ginn. D’Ursaach vum Virfall ass nach net gekläert. Dem Buergermeeschter no géif et momentan ausgesinn, wéi wann et aus dem Hafe selwer kéim, d’Direktioun vum Port Mäertert seet dogéint, et kéim net vun der Hafeninfrastruktur, well den Opfänkbaseng propper wier.

Wou genee den Diesel ausgetrueden ass a wat d’Ursaach ass, muss nach ermëttelt ginn. Och wéi vill Pëtrol an d’Musel gelaf ass, ass nach net genee gewosst. Fir d’Analys ass d’Waasserwirtschaftsamt zoustänneg. Si hunn eis op Nofro hi confirméiert, datt een amgaange wier, ze kucken, wéi et zu der Fuite konnt kommen.

D’Police deelt dann e Méindeg de Mëtteg mat, datt eng Plainte gemaach gouf, wéinst Ëmweltverschmotzung. Et wier och eng Enquête an d’Weeër geleet ginn fir d’Ursaach vum Virfall ze klären.

Den Temoignage vun der Plaz

D’Verknaschtung vum Hafen zu Mäertert - Reportage Claudia Kollwelter

Mir waren dann och um Hafen zu Mäertert, fir eis do selwer e Bild vun der Plaz ze maachen. Zanter 18:30 Auer e Sonndeg den Owend ass de CGDIS am Asaz, nodeems festgestallt gouf datt d’Verknaschtung aus dem Becken vu Mäertert kéim. De Marc Beckius, de Chef de Compagnie vum CGDIS: “Mir hunn den Hafen virop mol mat engem Barrage securiséiert, sou datt näischt méi an d’Musel konnt erauslafen an näischt an den Hafen era konnt kommen.”

E Sonndeg den Owend, genee wéi e Méindeg den Dag iwwer, waren eng 25 Leit vum CGDIS am Asaz: “Iwwer Nuecht hu mer mat engem speziellen Apparat gesaugt. D’Quantitéit ass schwéier ze soen, et wäerten knapp 50 Liter gewiescht sinn vun enger ‘ueleghalteg’ Substanz.”

D’Prozedure wieren agehale ginn an och all erfollegräich gewiescht, betount den Direkter vum Hafen, de Gilles Braquet: “Et konnt eng grouss Quantitéit zréck gehale ginn an déi gëtt no an no ofgepompelt oder mat grousse Fliisdicher opgesaugt.”

D’genee Ursaach muss nach gekläert ginn: “Mir schwätzen awer net vun enger Fuite vum Hafen selwer, mer kënnen ausschléissen, datt et vun der Produktioun kënnt, well all eis Reckhalte-Becke propper sinn. D’Sich geet weider vu wou et kënnt.”

Et misst een elo ofwaarden wat d’Enquête an d’Analysen bréngen déi vum Waasserwirtschaftsamt gemaach ginn. Op d’Schëfffahrt vun der Musel hätt de Virfall kee gréisseren Impakt: “Am Hafe Mäertert leien elo zwee Schëffer heibannen déi bis muer sécher net kennen eraus fueren. Mir erwaarden nach fënnef weider Schëffer dës Woch. Do steet elo nach an de Stären op se kënnen era fueren oder net.”

Den Gilles Braquet ass awer optimistesch an huet nach betount, datt d’Situatioun en Dënschdeg de Moien nach eemol nei bewäert gëtt an een da weider kuckt, ob den Hafen kann opgoen oder net.

Back to Top
CIM LOGO