
Mat enger Foto huet en RTL-User eis op eng dach speziell Situatioun zu Réimech higewisen. Dem User no gouf d'Bild, op där d'Luucht vum Chantier op "Rout" gestallt ass, wärend déi normal Luucht "Gréng" uweist, e Samschdeg den Owend géint 18:30 Auer opgeholl.
Op Nofro bei Ponts et Chaussées huet et geheescht, datt si der Gemeng hei d'Luuchten zu Verfügung gestallt dunn, de Chantier awer vun der Gemeng selwer geréiert gouf. D'Gemeng Réimech huet dëst dann och confirméiert.
Dëst ass dann och esou am Artikel 102 vum Réglement grand-ducale vum 15. Januar 2003 virgesinn: "La signalisation d'un chantier incombe à celui qui crée le chantier. Toutefois, les signaux d'interdiction, de restriction ou d'obligation doivent être mis en place par l'autorité compétente ou sous sa surveillance. Si celui qui crée un chantier reste en défaut de mettre la signalisation en place conformément aux prescriptions, il y est suppléé aux frais du défaillant, conformément aux dispositions des articles 3 et 5 modifiés de la loi du 14 février 1955 précitée."
De Gemeng Réimech no hätt de ganze Weekend iwwer keng Schwieregkeeten op dëser Plaz ginn. D'Foto, déi wéi gesot um fréie Samschdeg den Owend opgeholl gouf, wier eng Momentopnam gewiescht, gemaach an där Zäit, wéi d'Mataarbechter vum Ponts et Chaussées déi fix Luuchten nees schaarfgestallt hunn, déi vum Chantier awer nach nach net ofgeschalt waren.
Och wann d'Situatioun op den éischte Bléck e bësse lëschteg ausgesäit, esou kann dëst awer bei falschem reagéieren zu gréissere Schwieregkeeten an am schlëmmste Fall zu engem Accident féieren. Hei gëllt awer déi selwecht Reegel, wéi och bei all den anere Chantieren hei am Land, wéi zum Beispill déi giel Strécher op den Autobunnen, mat deenen d'Bunne verluecht ginn: D'Signalisatioun vum Chantier priméiert iwwer déi u sech fix Signalisatioun op der Plaz, esou heescht et an engem Schreiwes iwwer d'Signalisatioune vum Transportministère. "Le marquage peut également être de couleur jaune en cas de chantier. Dans ce cas il prime le marquage blanc." Den Transportministère huet dëst och op Nofro nach eng Kéier confirméiert. "D'Signalisatioun vun engem Chantier (zum Beispill giel Markéierungen oder provisoresch Luuchten) priméiert iwwer déi Signalisatioun, déi normalerweis op der Plaz ass. Dat bedeit konkret: giel iwwer wäiss Markéierung a provisoresch Chantiersluuchten iwwer fest installéiert Luuchten."
Am Code de la Route ass donieft festgehalen, datt sech d'Leit, déi um Trafic deelhuelen, sech un d'Signalisatioune mussen halen.
An dësem Fall géif et also heeschen, datt sech den weider un d'Chantiersluucht, déi Rout liicht, hält an déi fix Luucht nees dann nees a Kraaft ass, wann d'Chantiersluucht ausgeschalt ass.