
Vun engem brittesche Geriicht gouf Untersuchungshaft fir den 28 Joer ale Mann ordonéiert, deen dem Parquet no verdächtegt gëtt, der Politikerin 28 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen ze hunn. Duerno hätt hie Suen aus hirem Portmonni geklaut a wier fortgelaf. De Prozessoptakt gouf fir den 8. Juni 2027 festgeluecht.
Dem Procureur no hätt sech de Verdächtegen um Dag vun der Dot dem 9. Juli nëmmen zwou Minutten op der Residence vum 78 Joer alen Ann Widdecombe opgehalen. Hir Läich wier den Dag drop vum Gäertner an der Kichen entdeckt ginn.
D'Police hat e politeschen Hannergrond als éischt ausgeschloss, duerno huet awer eng Anti-Terror-Unitéit d'Enquête iwwerholl. E Méindeg war den 28 Joer ale presuméierten Täter da wéinst Mord, net wéinst enger Dot mat terroristeschem Hannergrond ugeklot ginn. Dëse géif dem Parquet no awer weiderhi gepréift ginn.
D'Ann Widdecombe souz vun 1987 bis 2010 fir déi konservativ Tories am brittesche Parlament. Si war bekannt fir hire chrëschtleche Glawen an deels kontrovers Aussoen. Als zoustänneg Ministesch fir Prisongen hat si 1995 fir Opmierksamkeet gesuergt, nodeems si d'Praxis verdeedegt hat, schwanger Prisonéierinnen unzeketten. 2019 ass d'Widdecombe dem Nigel Farage senger Brexit-Partei bäigetrueden a vun 2019 bis zum britteschen EU-Austrëtt war si Europadeputéiert.