5 Fraen an 10 Männer trieden zu Miersch bei de Gemengewale fir d'CSV un. D'Altersmoyenne läit bei 47 Joer.

Zu Miersch geet d'CSV ouni Spëtzekandidat an d'Walen: mat op der Lëscht ass den aktuelle Schäffe Michel Reiland grad wéi d'Conseilleren Romain Miny an Abby Toussaint.

D'aktuell CSV-Conseillère Christiane Haubrich-Schandeler geet net méi mat an d'Walen.

Op der Mierscher CSV Lëscht si 5 Fraen an 10 Männer - d'Moyenne vun den Altere läit bei 47 Joer. 8 Kandidate stelle sech eng éischte Kieler de Wieler.

Zu Miersch ass d'CSV mat der DP an enger Koalitioun, fir zesummen 9 Conseilleren ze stellen.

Hei déi komplett Lëscht:

  • Nelson COSTA 42
  • Mick ENGBORK 59
  • Heng FRIEDERICH 54
  • Pascal GEISEN 62
  • Luana GENGLER 21
  • Fränk KRAUS 29
  • Linda LAMRI 45
  • Michèle LORANG 56
  • Claudine MENDES ép. PORTELADA 45
  • Letizia MENEI 57
  • Romain MINY 67
  • Tim REDING 24
  • Michel REILAND 60
  • Abby TOUSSAINT 46
  • Henri WAGENER 40