Südafrika17 Läichen no zwou Attacke mat Schosswaffe fonnt

RTL mat AFP
Op zwou verschiddene Plazen a Südafrika si bannent kuerzer Zäit 17 Läiche vu Persoune fonnt ginn, déi all duerch Attacke mat Schosswaffen ëmbruecht goufen.
Südafrika: 17 Läichen no zwou Attacke mat Schosswaffe fonnt
Op zwou verschiddene Plazen a Südafrika si bannent kuerzer Zäit 17 Läiche vu Persoune fonnt ginn, déi all duerch Attacke mat Schosswaffen ëmbruecht goufen

A Südafrika si bei zwou Attacke mat Schosswaffe 17 Mënschen ëmbruecht ginn. Wéi d'Police matdeelt, wieren e Méindeg de Moien néng Läichen an eng Géigend baussent der Haaptstad Pretoria, wou haaptsächlech méi aarm Leit wunnen, fonnt ginn. Déi sechs Männer an dräi Frae wieren all erschoss ginn, sot eng Spriecherin vun der Police.

Déi zweet Attack wier an der Géigend vun der Stad Pietermaritzburg am Oste vum Land geschitt. D'Police, déi e Sonndegowend wéinst de Schëss alarméiert gi war, huet um Tatort e Gefier fonnt, dat komplett vu Patroune duerchlächert war. Am Auto waren d'Läiche vun aacht Männer "mat ville Schossverletzungen", huet d'Police erkläert. D'Identitéit vun den Affer an d'Motiv vum Verbrieche wiere bis elo nach net gewosst, sot een anere Spriecher vun der Police op der Chaîne Newzroom Afrika.

Südafrika huet mat vill Waffegewalt ze kämpfen, déi dacks a Relatioun mat Drogenhandel, organiséiertem Verbriechen, illegalem Biergbau oder Rivalitéiten tëscht Geschäftsleit steet. D'Land mat ronn 62 Milliounen Awunner huet mat ronn 60 Morddelikter pro Dag ee vun den héchsten Tauxe weltwäit.

Back to Top
CIM LOGO