
Frankräich hofft op europäesch Sanktioune géint den Iran bannent engem Mount, dat huet den Ausseminister Jean-Noël Barrot e Méindeg no de Cyberattacken op Frigoen, fir déi Paräis Teheran responsabel gemaach hat. Och Supermarchéen zu Lëtzebuerg ware bannent dem leschte Mount Zil vu Cyberattacken.
Bei senger Arrivée fir en Treffe mat sengen Amtskolleegen aus de Länner vun der Europäescher Unioun zu Bréissel huet de Barrot gesot, hien hätt "grouss Hoffnung", datt dës Sanktiounen am Kader vun engem geplangte Ministersommet de 14. Dezember kéint decidéiert ginn.
"Ech freeë mech, datt ech haut de Moien d'Ënnerstëtzung vun enger grousser Majoritéit vun de Memberstaate vun der Europäescher Unioun krut hunn", huet hie virun der Press erkläert.
Frankräich hat d'lescht Woch offiziell eng Cyber-Unitéit vun de Revolutiounsgarden, enger mächteger iranescher Sträitkraaft, d'Responsabilitéit fir d'Cyberattacke ginn, déi an der Nuecht vum 11. op den 12. Oktober op d'Kill-Steierunge vu Supermarchéen op ronn 700 Standuerter vum franséischen Eenzelhandel viséiert hunn.
De Barrot huet donieft annoncéiert, datt de 25. November zu Paräis am Institut du monde arabe eng "Soirée" organiséiert gëtt, un där Vertrieder vun der iranescher Zivilgesellschaft deelhuele géifen, deenen hir Stëmmen "op kee Fall zum Verstomme bruecht dierfte ginn".