Nei Ermëttlunge lafenFra vun inhaftéiertem Russell Brand deelt Onschold-Bekenntnis vun hirem Mann op YouTube

RTL mat AFP
D'lescht Woch war de Russell Brand wéinst Sexualdelikter zu 10,5 Joer Prisong verurteelt ginn. Elo ermëttelt d'Police nees, nodeems seng Fra eng Botschaft vun him op YouTube gedeelt huet.
L'acteur britannique Russell Brand quitte le tribunal alors que le jury commence à délibérer sur les verdicts dans le cadre de son procès pour viol et agression sexuelle, le 3 novembre 2026 à Londres
De Russell Brand nom Geriichtsprozess den 3. November zu London.
© AFP

D'Fra vum Russell Brand huet e Sonndeg op YouTube am Numm vun hirem Mann, dee wéinst Vergewaltegung a sexuellen Iwwergrëffer am Prisong ass, eng Botschaft iwwermëttelt. Déi brittesch Regierung huet dat ferm kritiséiert an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Den 51 Joer ale fréiere Komiker a Star-Moderator, dee sech elo als Verschwierungstheoretiker a bekennende Chrëscht weist, gouf den 9. November zu zéng Joer a sechs Méint Prisong verurteelt, well en tëscht 2004 an 2009 ee vu senge Fans vergewaltegt an dräi weider Frae sexuell mëssbraucht hat.

Seng Fra Laura Brand huet e Sonndeg um YouTube-Kanal vum Russell Brand eng Botschaft vun him verlies, an där hien op en Neits seng Onschold betount.

"Dat ass absolut bestierzend an et leeft aktuell eng dréngend Enquête", huet e Spriecher vum Labour-Premierminister Andy Burnham bei der deeglecher Pressekonferenz erkläert. "Mir erwaarde Moossnamen, sollt sech erausstellen, datt hie géint d'Virschrëfte verstouss huet. Et ass de Prisonéier strikt verbueden, Aussoen ze maachen, déi den Affer Leed zoufügen, an Aussoen an de Medie sinn nëmmen ënner aussergewéinlechen Ëmstänn erlaabt. Prisonéier dierfen dës Virschrëften net ëmgoen", heescht et weider.

Virdrun hat den Ausseminister Ed Miliband "ofstoussend Aussoen" verurteelt. "Kee Scholdbewosstsinn, kee Matgefill fir d'Affer", hat e géigeniwwer Sky News kritiséiert.

De Russell Brand, deen ursprénglech am Wandsworth-Prisong am Südweste vu London inhaftéiert war, gëtt a senger Botschaft un, elo zu Littlehey am Prisong ze sëtzen, engem Prisong fir Sexualstroftäter zu Cambridgeshire.

Der brittescher Police no hätt si zanter dem Geriichtsprozess nei Plainte géint de Russell Brand erakrut a préift aktuell d'Reprochë vun op d'mannst zwou weidere Fraen, déi behaapten, vun him sexuell mëssbraucht ginn ze sinn.

Liest dozou och

Back to Top
CIM LOGO