Philippinnen3 Doudesaffer an 8 Blesséierter bei Schéisserei an enger Schoul

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Schéisserei an engem Lycée zu Banga an der südlecher Provënz Mindanao sinn dräi Persounen ëm d'Liewe komm an aacht weiderer blesséiert ginn.

Ënnert den Affer sinn zwee 14 Joer al Schüler. Och de 16 Joer alen Täter ass dout. Véier vun de Blesséierte sinn a kriteschem Zoustand.

D'Schéisserei ass e Freideg de Mëtteg an der Banga National High School geschitt.

De Buergermeeschter Albert Palencia sot, de Jugendlechen hätt kuerz virdrun e puer Frënn opgefuerdert, heem ze goen, well hie säi Plang ëmsetze géif. Duerno hätt hien op Schüler geschoss, ier hie sech selwer ëmbruecht huet.

D'Schoulcoursë goufen an der ganzer Gemeng Banga suspendéiert.

D'Police ermëttelt um Site.

Et ass schonn déi drëtt déidlech Schoul-Schéisserei op de Philippinnen zanter Juni.

Back to Top
CIM LOGO