Prag46 Blesséierter no Kollisioun tëscht zwee Zich

Jeff Birsens
No enger Kollisioun mat zwee Zich goufen an der tschechescher Haaptstad op d'mannst 46 Persoune verwonnt, dorënner véier uerg.
46 Blesséierter no Kollisioun tëscht zwee Zich zu Prag
No enger Kollisioun mat zwee Zich goufen an der tschechescher Haaptstad op d'mannst 46 Persoune verwonnt, dorënner véier uerg

En Dënschdeg de Moie goufen an der tschechescher Haaptstad Prag 46 Persoune verwonnt, nodeems zwee Zich aneneegerannt sinn. Opnamen, déi vun der Police vu Prag verëffentlecht goufen, weisen den Asaz vun de Rettungsekippen net wäit vun der Gare. Vun de 46 Verwonnte wieren der 30 liicht, 12 mëttelschwéier a véier uerg blesséiert, heescht et vun den Autoritéiten op der Plaz.

De Verkéiersminister Ivan Bednarik huet den Accident als "uerge Virfall" betitelt an erkläert, d'Versuergung vun de Blesséierten hätt elo mol iewescht Prioritéit. D'Eisebunnopsiicht géif d'Ursaach vum Accident préiwen. Nom Accident gouf den Zuchverkéier op der Streck agestallt a wäert och nach e puer Stonnen daueren.

Back to Top
CIM LOGO