
D'US-Regierung huet e Méindeg confirméiert, datt si géint déi d'Entreprise Megaspeed ermëttelt.
D'Enquête kënnt am Kader vun engem Skandal, deen den amerikaneschen Chip-Produzent Nvidia ënner staarken Drock gesat huet.
Megaspeed, eng Entreprise déi am Beräich vun den Datenzentere schafft an hire Sëtz a Singapur huet, soll gehollef hunn, héich performant Nvidia-Chips a China exportéiert ze hunn, obwuel dëst duerch amerikanesch Restriktioune limitéiert ass.
D'Affär ass opgeflunn nodeems den Jensen Huang, Matgrënner vun Nvidia, säi Verhältnis mam Alice Huang zouginn huet. D'Alice Huang ass eng fréier chineesesch Managerin vu Megaspeed. Si steet och am Verdacht vun den amerikaneschen Autoritéiten, fir Peking spionéiert ze hunn.
Wéi den US-Handelsministère matgedeelt huet, goufen d'Ermëttlunge géint Megaspeed schonn 2024 lancéiert. Am Mee 2025 hat de Ministère Nvidia opgefuerdert, Dokumenter iwwer direkt an indirekt Verkafstransaktioune mat Megaspeed virzeleeën.
Ee Mount méi spéit huet Nvidia d'Entreprise op eng intern Lëscht gesat, déi weider Liwwerunge verbitt. Gläichzäiteg hunn amerikanesch Agenten eng Kontroll op der Plaz zu Singapur duerchgefouert an d'Alice Huang befrot.
Den amerikanesche Finanzminister Scott Bessent huet dem Handelsministère reprochéiert, Hiweiser ignoréiert ze hunn, datt China Nvidia-Technologie weidergeleet gouf. D'USA a China liwwere sech zanter Joren en zolitte Konkurrenzkampf am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz. Washington huet den Export a China staark ageschränkt, fir ze verhënneren, datt Peking Zougang zu strategesch wichteger Technologie kritt.
Ob Megaspeed tatsächlech géint d'amerikanesch Exportbestëmmunge verstouss huet, ass bis ewell net gekläert. D'Ermëttlunge lafen nach.
Den Jensen Huang huet sech bereet erkläert am US-Representantenhaus auszesoen.