Bewosst verkierzt Liewensdauer vun HandyenApple muss sech 2027 zu Paräis viru Geriicht veräntweren

AFP, iwwersat vun RTL
Der Firma gëtt reprochéiert, d'Reparatioun vu verschiddenen iPhone-Modeller baussent vu sengem autoriséierte Reseau bewosst verhënnert ze hunn, fir esou de Verkaf vun neien Apparater unzedreiwen.
© afp

Déi franséisch Justiz geheit Apple fir, d'Reparatioun vu senge Smartphones behënnert ze hunn. Et ass déi éischte Kéier, datt et a Frankräich an dësem Zesummenhang zu engem Prozess kënnt, wéi d'Organisatioun "Stop Planned Obsolescence" en Dënschdeg matdeelt. Dës hat am Dezember 2022 eng Plainte géint d'Tech-Entreprise agereecht a begréisst d'Decisioun vum Parquet.

Am Mëttelpunkt vun der Affär steet déi sougenannt geplangten Obsoleszenz. Dobäi geet et ëm eng Aart vu Produktioun, déi d'Liewensdauer vu Produite bewosst verkierzt, fir d'Konsumenten dozou ze bréngen, méi séier nei Apparater ze kafen.

Konkret geet et ëm d'Period tëscht November 2021 a Juli 2024. An där Zäit soll Apple seng Software esou konfiguréiert hunn, datt verschidden iPhone-Modeller ausserhalb vun den offiziellen Apple-Atelieren net méi hätte kënne reparéiert ginn.

Der Uklo no soll dës Strategie dozou gedéngt hunn, de Verkaf vun neien iPhone-Modeller ze fërderen an domat d'Recettë vum Konzern ze erhéijen.

Apple erwirtschaft mëttlerweil en Ëmsaz vu méi wéi 400 Milliarden US-Dollar d'Joer. Ronn d'Hallschent dovu kënnt aus dem Verkaf vun iPhonen, déi weiderhin zu de wichtegste Produite vum Konzern gehéieren.

Ob Apple tatsächlech bewosst d'Liewensdauer vu senge Smartphones verkierzt oder Reparature verhënnert huet, muss elo de Parquet zu Paräis klären. Apple wéist d'Virwërf zeréck.

Back to Top
CIM LOGO